"Deux" ass eng Co-Produktioun vun „Tarantula Luxembourg" an Zesummenaarbecht mat Frankräich an der Belsch.

2019 gouf de Film ënnert anerem fir den „Toronto International Film Festival" selektionéiert. De Realisateur Filippo Meneghetti war fir d'Avant-Première um Méindeg den Owend op Lëtzebuerg komm.

D'Nina an d'Madeleine, zwou pensionéiert Fraen, gespillt vum Barbara Sukowa an dem Martine Chevallier, féiere schonn zanter Joerzéngten eng verléifte Bezéiung. An den Ae vun hirem Ëmfeld awer si si net méi wéi zwou Nopeschen, déi sech de leschte Stack vun hirem Appartementshaus deelen... bis enges Daags en tragescht Evenement alles op d'Kopp gehäit. Fir des Geschicht huet sech de Filippo Meneghetti vu Leit inspiréiere gelooss, déi wärend senger Formatioun eng wichteg Roll fir hie gespillt hunn.

"Deux", op Englesch „Two of us", ass deen éischte long métrage vum Filippo Meneghetti. Et ass eng dramatesch Komedie, déi de Spectateur och iwwer traureg Saache laache léisst.