Et ass net déi éischte Kéier, datt d'Désirée Nosbusch, de Marc Limpach an de Serge Tonnar zesummen op der Bün stinn.

Dës Liesung iwwert den Doud an d'Liewe gouf D'lescht Joer schonn eng Kéier gewisen, d'Nofro war sou grouss, datt den Trio elo erëm zesummen am Kasemattentheater optrëtt. Entstanen ass de Projet virun e puer Joer.

Eraus koum ee Mix vun Texter iwwert den Doud queesch duerch d'Literatur an d'Philosophie, Lidder zum Thema an Temoignage vu Leit, déi um Stierwe leien, déi d'Journalistin Annick Goerens bei palliativ Patiente gesammelt huet. D'Désirée Nosbusch hu besonnesch dës Aussoe beréiert.

De Serge Tonnar séngt niewent bekannte Lidder och eege Stécker, an och wann d'Thema méi wéi eescht ass, gesäit hien dësen Owend op eng ganz positiv Manéier.

E Samschdeg den Owend huet een nach emol d'Chance, dësen Trio zesummen op der Bün vum Kassemattentheater ze erliewen.