Mir hu mam Désirée Nosbusch a Marc Limpach iwwer d'Serie "Bad Banks" geschwat a wéi dës hiert Liewe verännert huet.

Se waren alleguer e bësse vum Mega-Erfolleg iwwerrascht ginn. Wuel kee vun de Produzenten an Acteure vu Bad Banks hat domadder gerechent, dass hir Serie sou gutt géif beim Public ukommen an niewebäi och nach souvill Präisser géif ofraumen. Déi däitsch-lëtzebuergesch Co-Produktioun huet jiddefalls an de leschten zwee Joer fir e puer Iwwerraschunge gesuergt.

Elo ass déi zweet Staffel fäerdeg an d’Erwaardunge sinn nom Erfolleg natierlech grouss. Mir hu mat den zwee Acteuren Désirée Nosbusch a Marc Limpach iwwert dësen Drock geschwat an och doriwwer, wéi dës Serie hiert Liewe verännert huet. En anert Thema am Interview war den Alter an der Schauspillerei a wéi vill Finanzexpert een no sou enger Roll da selwer gëtt.