Dat huet de Selektiounscomité festgehalen, deen d’lescht Woch a 6 Sitzunge beienee souz.

32 audiovisuell Projete waren eragereecht ginn, fir Hëllefen an Héicht vu bal 20 Milliounen Euro ze kréien. Déi goufen awer net all zeréckbehalen.

Am Ganze gi knapps 10 Milliounen Euro u finanziellen Hëllefen, de sougenannten AFSen, Produktiounshëllefen oder där fir d’Entwéckelen oder fir Dréibicher ze schreiwen, ausbezuelt.

Profitéiere wäerten 19 Projeten, dorënner 7 Fictiouns-Long-Métragen oder 3 Animatiounswierker, wéi an engem Communiqué vum Weekend ze liesen ass.

Eleng de Film "L’enfant caché", dee vun „Iris Productions“ realiséiert gëtt, kritt eng aide finançière vum Film Fong vun net manner wéi 3,1 Milliounen Euro. Am Kader vun deem Film soll tëscht Juni a Juli wärend 26 Deeg zu Lëtzebuerg gedréint ginn.