Si steet ënnert dem Motto "Viv(r)e la matière" an d'Kënschtler kënnen hiren Dossier bis den 31. Mäerz ofginn.

2016 war déi éischt Editioun vun der Initiative "De Mains de Maîtres", déi vun der ierfgroussherzoglecher Koppel lancéiert gouf fir dem Handwierk a vrun allem dem Konschthandwierk méi Visibilitéit ze ginn. Och d'Plaz- dat fréiert an nei renovéiert Arbedsgebai - huet der Ausstellung dee richtege Kader gebueden. Well de Succès an den Intérêt esou grouss waren, ass eng ASBL enstanen an eng Biennale.

No engem internationale Parcours 2019 ass et elo am November déi 3. Editioun vun "De Mains de Maîtres" an der Stad. Bis den 31. Mäerz kënnen d'Kënschtler sech mellen.

18/02/2020 Opruff "De Mains de Maîtres" Interview mam Commissaire Jean-Marc Dimanche

Vum 26. bis den 29. November kann de Publikum nees d'Kënnen an d'Schafe vun Artiste gesinn, déi sech dem Konschthandwierk verschriwwen hunn, den 30. November ass den Dag fir d'Schüler. Déi Deeg ass souwuel d'Adress 19. Liberté- dat fréiert Arbedsgebai op a steet am Zeeche vun dëse Biennale. Mä wéi schonn 2018 geet et och déi Kéier aus de Maueren eraus an d'Muséeën, d'Galerien, d'Atelieren an der Stad Lëtzebuerg.

Appel à candidatures "De Mains de Maîtres" Edition 2020