Ganz ville Jugendleche sinn d'Nimm "Bazooka Brooze" a "Skobe" beschtens bekannt.

De Bruce Biren, alias Bazooka Brooze iwwerzeegt mat Lëtzebuerger Gangster-Rap an de Skobe, de Jeremy Palluce, feieren een Héichpunkt nom aneren. Lass goung et virun enger Rei Joren, wéi de Skobe säi kënschtlerescht Talent intensivéiert huet an op der Freiburger Uni Molerei studéiert huet.

Mëttlerweil designt en zanter méi wéi zwee Joer Kleeder an huet seng eege Mark Pallazzoparano op de Maart bruecht. Mat der Musek an dem Gezei wëllen déi zwee eng Lëtzebuerger Jugendkultur erschafen.

Nieft der Kreatioun vun de Kleedermarken ass de Jeremy Palluce awer och nach op anere Plaze kënschtleresch aktiv. De kreative Lëtzebuerger huet ëmmer erëm bewisen, dass hie säin Dram net opginn huet a sou dann och mëttlerweil schonns 4 Kleeder-Kollektiounen erausbruecht huet. An ganz niewebäi wëll hie mat senger Mark och d'Jugend inspiréieren a sech u soziale Projete bedeelegen.

An dat huet hien dann och bis zu enger Nominatioun zum Lëtzebuerger vum Joer bruecht. Mir hunn de Kënschtler besicht.