D'Editions Saint-Paul hunn op den éischte Januar vun dësem Joer hir Dieren zougemaach.

Am Joer 1887 gouf d’Editiounshaus Saint-Paul gegrënnt. Dëst Joer geet d’Aventure op en Enn.

De Verlag wëll sech nees méi op den Drock vu Presseproduite konzentréieren, heescht et am Communiqué.

Fermeture Saint-Paul - Rep. Monica Camposeo

D’Fermeture vum gréisste lëtzebuergesche Verlag huet och déi aner Editeuren zum Nodenke bruecht. Den Ian de Toffoli, President vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren:

„Virun allem de Schock, wéi mer erausfonnt hunn, dass Saint-Paul géing zoumaachen. Well mer geduecht hunn, Saint-Paul wier esou eng Struktur, déi iergendwéi intouchabel wier an deem Sënn. Also si wier sou grouss, dass hir näischt kéint geschéien.“

Virun allem fir déi méi kleng Editiounsheiser zu Lëtzebuerg wier et net ëmmer einfach, sech finanziell iwwer Waasser ze halen: „Et ass relativ evident, dass et schwiereg wier, fir d’Lëtzebuerger Editeuren ouni de Kulturfong, de FOKUNA, z’existéieren. Mee dat ass eng laang Diskussioun, well wéi deem seng Finanzéierung oder Hëllefe funktionéieren, ass heiansdo bësse brécheg, heiansdo bësse punktuell. Et wier méi interessant, wann ee géif méi global denken an deene Finanzéierungen. Mä ech weess, dass dass sou Saachen ugeduecht sinn am Ament. Dat heescht do kéinten nach Ännerunge kommen.“

De Bichermarché ass am konstante Wandel. De Wonsch no enger gréisserer Professionaliséierung gëtt zu Lëtzebuerg dacks an d’Gespréich bruecht. Fir dat ëmzesetzen, si Strukture wichteg, déi de lëtzebuergesche Bichersecteur och no baussen droen. Dat wier awer e laangwierege Prozess. De Jeff Thoss (éditions Guy Binsfeld):

„De ganze Prozess mat Frankfurt a Reading Luxembourg ass jo wierklech nach ganz am Ufank. Dat leeft jo réischt säit zwee Joer ongeféier. An do ass elo schwéier ofzeschätzen, wat schonn u Resultater do ass a wat fir Resultater nach kommen. Dat kann een nëmme mëttel- bis laangfristeg kucken. Dass een da kuckt, ob zum Beispill méi Bicher vun hei iwwersat ginn.“

Den Ufank wier op jidder Fall gemaach. Zum Beispill op der Frankfurter Buchmesse an um Paräisser Salon du Livre sinn déi lëtzebuergesch Auteuren, Schrëftstellerinnen an Editiounshaiser scho vertrueden.