En Donneschdeg den Owend feiert déi 70. Berlinale Ouverture mam Film "My Salinger Year" vum Philippe Falardeau mam Sigourney Weaver an der Haaptroll.

Vun 2001 bis 2019 huet den Dieter Kosslick d'Geschécker vun der Berlinale geleet. Elo ass eng nei Ekipp um Rudder mam Mariette Rissenbeek (Geschätfsführerin) a Carlo Chatrian (Programmleiter), dem fréieren Direkter vum Filmfestival vu Locarno. Vill schéngt sech allerdéngs, à première vue, net geännert ze hunn. Wat d'Mass vun de Filmer ugeet, déi gewise ginn (genee 342, Kuerzfilmer abegraff), esou bleift jiddwerfalls alles plus ou moins beim Alen, obwuel dat e Reproche war, deen den Dieter Kosslick ëmmer gemaach krut. Déi folkloristesch Sektioun "Kulinarisches Kino" gëtt ofgeschaaft, mä dofir kënnt eng nei Sektioun derbäi: "Encounters"-  für ästhetisch und formal ungewöhnliche Werke unabhängiger Filmschaffende ass änlech definéiert wéi d'Sektioun "Un Certain Regard" zu Cannes. Wéi se sech allerdéngs vun de Sektiounen "Forum" oder "Panorama" ofgrenze soll, muss sech nach erausstellen. Soss ass och de fréiere Flou tëschent "Wettbewerb", "Ausser Wettbewerb" a "Berlinale Special Gala" gekläert ginn, doduerch dass d'Kategorie "Ausser Wettbewerb" einfach ofgeschaaft gouf an déi Filmer elo all ënner "Berlinale Special Gala" lafen. Am Wettbewerb, Special Gala, Encounters, Panorama an an de Niewesektiounen Generation, Perspektive Deutsches Kino a Forum lafen dëst Joer 166 Filmer (Kuerzfilmer net agerechent). Si gehéieren all zur "Offiziellen Selektion". Am direkte Vergläich hat Cannes d'lescht Joer just 3 offiziell Sektioune mat 56 Filmer. Nicht kleckern sondern klotzen!

An der Sektioun "Generation14plus" lafen och 2 Lëtzebuerger Koproduktiounen, op déi mer natierlech nach méi am Detail zeréckkommen.

D'"Gender equality" hëlt mëttlerweil disproportionéiert a quasi obsessionell Ausmoossen un. D'Berlinale huet net manner wéi 15 Säiten detailléiert Statistiken un d'Press geschéckt, fir ze beweisen, wéi eescht si dee Sujet huelen. A se haten net Zäit, all Aspekter vum Programm auszewäerten. De Rescht kënnt nach no. Hale mer fest, dass Efforte gemaach ginn an dass d'Berlinale keng Wonner ka bewierken an engem Milieu, dee Joerzéngte laang vu Männer dominéiert gouf. Wien um Detail interesséiert ass un dësen akribesch detailléierte Statistiken, ka se gär bei mir nofroen.

Staren?

Och wann d'Qualitéit vun de Filmer dat wichtegst ass, esou versichen déi grouss Festivaller dach awer esouvill wéi méiglech Glamour ronderëm opzebauen. Niewend Cannes huet do Berlin schonn ëmmer di zweet Gei gespillt, wat elo kaum besser dierft ginn. Doduerch dass dëst Joer d'Oscare virun der Berlinale vergi goufen, hat keng gréisser US Produktioun iergend en Interêt drun sech weider Promotioun op Berlin sichen ze kommen.  Domat sinn di grouss a bekannte Nimm um rouden Teppech éischter rar geséit. Déi bekannteste Staren stamen dann och nach bal all aus engem eenzege Wettbewerb-Film, ROADS NOT TAKEN vum Sally Potter : Javier Bardem, Elle Fanning a  Salma Hayek. Derbäi kann een dann nach de Willem Dafoe erwänen, den Johnny Depp an d'Cate Blanchett déi hier Serie "Stateless" virstellt, an déi lokal Staren Paula Beer an Nina Hoss.

Als Präsident vum Jury ass dann natierlech de Jeremy Irons déi 10 Deeg permanent zu Berlin present.

© Antonello&Montesi

SA-Mann Alfred Bauer

Berlin huet dann nach ëmmer bal esou vill Präisser wéi Filmer, där offizieller déi vum Festival vergi ginn, an där déi vun aussestoenden Organisatioune bestëmmt ginn. Peinlech fir al di viirecht Festival-Direkteren Wolf Donner (1976-79), Moritz de Hadeln(1979-2001) an Dieter Kosslick ass, dass se all Joer e wichtege Präis nom Alfred Bauer, dem éischten Berlinale-Direkter (1951-1976) benannt hunn. Dëse Präis ass stënterlech ofgesat ginn, nodeem en Amateurhistoriker der Zeitung "Die Zeit" Dokumenter zoukomme gelooss hat, déi beluecht hunn, dass den Alfred Bauer e wichtegen an iwwerzeegten  SA-Mann war, deen am Goebbels senger Reichsfilmintendanz d'Schicksal vun den däitsche Filmschaffende bestëmmt huet. D'lescht Joer war den Alfred Bauer Präis un den exzellente Film "Systemsprenger" gaangen, deen och bei ons gutt am Kino gelaf ass.

Wettbewerb 

Wann een elo déi 18  Wettbewerb-Filmer kuckt, schliisslech dat Wichtegst bei engem Festival, esou muss ee feststellen, dass kaum e wierklech bekannten a grousse Numm do opdaucht. Fir Cinephillen, déi mat Festivalle vertraut sinn, sinn Nimm wéi Tsai Ming-Liang, Hong Sangsoo, Kelly Reichardt,  Philipe Garrel, Mohammad Rasoulof , Rithy Panh oder Abel Ferrara wuel e Begrëff. Déi meescht stinn awer éischter fir schwierege Kascht, oder se sinn, wéi den Abel Ferrara, keng Garantie fir gudde Kino. Ganz skeptesch sinn ech virun allem bei dem Canal+ "Groland"-Komiker-Duo Benoît Delépine a Gustave Kervern an hirem Film EFFACER L'HISTORIQUE, zemools wou déi wierklech gutt franséisch Filmer meeschtens waarde fir kënnen op Cannes ze goen. De Film leeft allerdengs och a Competitioun um Luxfilmfest, dee jo ganz héich Qualitéitsuspréch stellt. Wat maachen d'Festivalle net alles fir niewend Dramaen och di rar Komedie opzedreiwen! Emol ofwaarden! Netflix-Filmer si keng am Programm, net aus Prinzip, mee well keng gutt nei Filmer disponibel waren.

Interessant a priori schénge mer déi zwee däitsch Filmer. No "Transit" d'lescht Joer ass de Christian Petzhold nees am Wettbewerb mat UNDINE, enger moderner Fassung vun der Undine-Legend, an där d'Undine (Paula Beer) versicht sech vun hirem Fluch als Männerkillerin ze befreien.

© Christian Schulz / Schramm Film

De Burhan Qurbani hat 2014 mat "Wir sind jung, wir sind stark" e remarkabele Film gedréit, deen et duerchaus a sengem Genre mam Ladj Ly sengem rezente "Les Miserables" konnt ophuelen. Säin dräi Stonne laangen neie Film "BERLIN ALEXANDERPLATZ", no der berüümter Romanvirlag vum Alfred Döblin, ass fir di Däitsch natierlech d'Evenement vun der Berlinale, an d'Erwaardunge si grouss.

Di zwee amerikanesch Filmer FIRST COW vum Kelly Reichardt an NEVER RARELY SOMETIMES ALWAYS vum Eliza Hittman si leider schonn op bekannte Festivaller an den USA gelaf. Leider, well da schonns Kriticke virleien. An dat Flottst bei de grousse Festivaller, déi am Prinzip op Weltpremière setzen, ass jo dass een näischt am viraus vun de Filmer weess. An do ass dann all Film eng richteg Entdeckung.