Zil vun "Esch 2022" ass et, zesummenzewuessen an d'Zukunft vu senger Regioun matzegestalten, sou d'Nancy Braun, Directrice vum Projet.

Zënter Méint sti vill Froen an Diskussiounen ronderëm d’Kulturhaaptstad Esch 2022 am Raum. Ma um Donneschdeg ass e wichtege Schrëtt gemaach ginn.

D’Kommunikatiouns-Campagne ass offiziell lancéiert a fir di éischte Kéier kann een elo mol iwwerhaapt gesinn, wéi de Minett sech 2022 wäert presentéieren. E klengen Avant-goût gouf et zum Thema Remix an der Maart-Hal zu Esch.

Et wier e Projet, dee sech un ënnerschiddlech Mënsche riicht, u Bierger/innen aus der Stad Esch, kulturbegeeschtert Leit aus Lëtzebuerg an der Groussregioun oder och zum Beispill u Wirtschaftsvertrieder an Entreprisen. Hir Missioun besteet doran, d'Image vun der Minett-Stad ze verbesseren an nei ze definéieren, wéi och Partner z'encouragéieren an d'Gemenge bei der Entwécklung vun enger laangfristeger Kulturstrategie fir d'Regioun z'ënnerstëtzen. Donieft gëtt versicht, Kultur fir jiddereen zougänglech ze maachen.

Virun allem a punkto Integratioun wëll ee mat "Esch 2022" e wichtegt Zeeche setzen. Net manner wéi 122 verschidden Nationalitéite kënnen an der Stad Esch ugetraff ginn. A wéi harmonesch esou een Zesummeliewe ka sinn, wëll ee mat dësem Projet weisen.

Wéi ee Budget ass virgesinn?

Am Ganzen gouf e Budget vu 57 Milliounen Euro accordéiert. 36 Milliounen Euro sti fir d'Realiséierung vum kulturelle Programm zur Verfügung, 21 Millioune sollen d'Käschte vun der Kommunikatioun, Marketing, Personal an allgemengen Depensen decken.

Programm:

Nieft Esch/Uelzecht wäerten och Pro-Süd-Gemenge (Keel, Schëffleng, Diddeleng, Beetebuerg, Monnerech, Nidderkäerjeng, Suessem, Péiteng, Déifferdeng a Rëmeleng), wéi och an 8 franséische Gemengen (Aumetz, Audun-le-tiche, Boulange, Ottange, Thil, Rédange, Russange a Villerupt) hiren "Optrëtt" kréien. All Gemeng wäert ee Mount Zäit kréien, hire kulturelle Räichtum ze presentéieren. Just zu Esch wäert et sech iwwert en Zäitraum vun engem Joer zéien.

© Esch2022

D'Projeten, déi Bestanddeel vum Programm wäerte sinn, goufe vu Privatpersounen, Veräiner, professionelle Gruppéierungen, Gemengen a Schoulen zesumme mat Partner entwéckelt an ëmgesat. Dat an de Beräicher visuell Konscht, Musek, Danz, Architektur, Design, Literatur a grouss Themeberäicher wéi Heemecht an Iewen.

Beim Appel à candidatures goufe bis den 31. Dezember 606 Projeten op Däitsch, Franséisch a Lëtzebuergesch eragereecht.

Am Mëttelpunkt vun der Kulturhaaptstad stinn och den Escher Bezierk Belval an de Minett-Trail, e Wanderwee, deen 11 Gemengen am Süde matenee verbënnt.