Zwar ouni Kevin Kostner a Whitney Houston dofir awer mat villen Emotioune wäert dëse Weekend d'Rockhal vollgetankt ginn.

"Du dierfs et ni aus den Ae loossen, du dierfs dech ni sécherfillen, ma virun allem dierfs de dech ni verléiwen".

Dat war de Kodex vum Kevin Kostner am Film Bodyguard. Dat hie sech um Enn awer an d'Whitney Houston verléift hu vill Leit am Kino a virun der Tëlee materlieft.

1992 war net nëmmen de Film e risege Succès, mä och de Soundrack, natierlech mat virop dem Lidd  "I will Always Love you". Dëse Song war deemools, wéi och nach haut, e Grant fir Héngerhaut ze kréien.

Vun en Donneschdeg den Owend un an nach bis e Sonndeg mécht Bodyguard - Das Musical elo Statioun an der Rockhal. Do gëtt et also richteg romantesch an emotional. E Bléck op Esch hunn eis Kolleege vum RTL Magazin gehäit.

Musical "Bodyguard" zu Lëtzebuerg
Vun en Donneschdeg bis e Sonndeg steet an der Rockhal alles am Zeeche vum Musical, baséierend op de Filmklassiker mam Kevin Costner.