Vill Fans haten net méi dru gegleeft, ma d'Rachel, de Ross, d'Monica a Co wäerten nach eng Kéier zesummen op den Ecranen ze gesi sinn.

Den David Schwimmer, d'Jennifer Aniston, d'Courteney Cox, de Matt LeBlanc, d'Lisa Kudrow, an de Matthew Perry wäerten extra dofir nach eng Kéier zesumme virun der Kamera stoen.

De Special soll fir de Lancement vun der Streaming-Plattform "HBO Max" exklusiv op dëser Plaz ze gesi sinn. HBO wëll wuel domadder vill Fans lackelen, fir sech en Abbo fir d'Plattform ze huelen. Opgeholl gëtt d'Serie am Stage 24 vun de Warner Bros Studioen a Kalifornien, do, wou och schonn déi al Folge vun der Serie opgeholl goufen.

10 Saisone gëtt et aktuell vu Friends, viru 16 Joer gouf déi lescht Episod ausgestraalt. Zanter leschtem Oktober ginn et Rumeuren, datt op d'mannst nach eng Episod kéint opgeholl gi sinn, nodeem d'Jennifer Aniston eng Foto vu sech mat sengen ale Mataarbechter op Instagram gepost hat.

2016 gouf et schonn eng Deel-Reunion, dat awer ouni de Mathew Perry.