Op den éischten Deeg vun der Berlinale sinn et d'Filmer aus den Niewekategorien, déi ze iwwerzeege wëssen.

Schwaachen Ouverture Film

Den Ouverture-Film MY SALINGER YEAR baséiert op dem autobiographesche Roman vun der Joanna Rakoff, ass eng 'coming of age'-Geschicht vun engem jonke Meedchen, dat wëllt Schrëftstellerin ginn, op New York zitt an do an enger Literatur-Agence schafft, déi de Kult-Auteur vun "Catcher in the Rye", J.D. Salinger representéiert. D'Meedche muss sech do virun allem ëm d' Fanpost vum Auteur bekëmmeren, däerf awer am Prinzip net drop äntweren. Niewebäi muss et sech och entscheeden tëschent senge fréieren an dem neie Boyfriend. Wuel bréngt de Philippe Falardeau (dee mat "Monsieur Lazhar" 2011 fir en Oscar als beschten auslännesche Film nominéiert war) et fäerdeg, dem Joanna säin Enthusiasmus fir d'Literatur e bëssen ze vermëttelen, dank och dem gudde Spill vum Margaret Qualley (The Leftovers, Once upon a Time… in Hollywood). Soss awer plätschert de Film esou dohin, ouni iergendwellech richteg Héichpunkten an ouni Spannung. Et bleift eng platt inzeenéiert Chronik aus de 1990 Joren, wéi de Computer am Milieu vun der Literatur nach fir vill Skepsis gesuergt huet. Mussen Ouvertures-Filmer op grousse Festivaller ëmmer esou konsensuellen Allerweltskascht bidden? Domat kréie se och nach eng speziell Promotioun, déi éischter besser Filmer verdéngt hätten.

Filmer iwwer Literatur kommen allerdéngs oft bei engem gebilte Publikum gutt un, esou dass MY SALINGER YEAR de Wee an ons Kinoen dierft fannen. Dat ass awer net garantéiert fir déi zwee éischt Wettbewerb-Filmer, déi mer hei gesinn hunn.

Déi dräi éischt Wettbewerb Filmer

Och wa se vun engem bessere Niveau ware wéi den Ouverture-Film, esou konnte se awer net iwwerzeegen. Den argentinesche Film THE INTRUDER ("El Profugo") vum Natalia Meta reit sech an de Genre vun den Horrorfilmer an, an deenen iwwernatierlech Kräfte Besëtz vun engem Mënsch ergräifen. D'Inès sengt an engem Chouer an doubléiert Filmer. No engem traumateschen Erliefnis (wou een net weess, ob ee soll driwwer laachen oder kräischen) geet et awer doudeescht weider, an d'Inès gëtt bis zur Paranoia vun allméigleche Geräischer a Cauchemare verfollegt, bis et sech schliisslech dem "Eindringling" ergëtt, a säi Fridde fënnt. Wuel gëtt an dësem Psychothriller op bëlleg Horroreffekter verzicht, mä der Geschicht feelt et batter un dramatesche Momenter, a wat dat Ganzt soll heeschen, bleift wuel op zu allméigleche Spekulatiounen.

Elio Germano Volevo nascondermi | Hidden Away by Giorgio Diritti ITA 2019, Competition / © Chico De Luigi

Och den Italienesche Film VOLEVO NASCONDERMI vum Giorgi Diritti strotzt net vun Dynamik. Et ass e klasseschen, laangootmegen, allerdéngs ganz schéi gefilmten Biopic iwwert d'Liewe vum Antonio Ligabue a seng naiv expressionistesch Molerei. Den Elio Germano interpretéiert  den asozialen an geeschteg wéi physesch leedende Moler a Sculpteur op verblüffend authentesch Manéier. Do hänkt en Interpretatiounspräis an der Loft.

Dee bis elo beschte Film am Wettbewerb war sécherlech FIRST COW vum Kelly Reichardt, eng unerkannten awer éischter confidentiel US-Realisatrice ("Wendy and Lucy", "Night Moves","Certain Women”). FIRST COW beschreift eng net erotiséiert, mä dofir ëmsou méi touchant Männerfrëndschaft tëschent engem Kach an engem chineseschen Awanderer am Ufank vum 19. Joerhonnert am Oregon. Zesumme baue se ganz erfollegräich e klenge Business op a baken Kichelcher mat gestuelener Mëllech vun der eenzeger Kou, déi hire Wee bis an déi kleng Pionnéierstad fonnt huet. Et geet, wéi oft beim Kelly Reichardt, ëm d'Schicksal vun einfache Leit, déi hei, ënner nach primitiven Ëmstänn, versichen, hir materiell Existenz ze sécheren. Déi kleng Geschicht am Film spigelt déi grouss Geschicht vun der Evolutioun vum Kapitalismus erëm. Déi detailléiert Rekonstitutioun vun der Ambiance vun der éischter Pionéierzäit ass grad esou iwwerzeegend, wéi déi excellent a roueg Mise en scène.

John Magaro, Evie First Cow by Kelly Reichardt USA 2019, Competition / © Allyson Riggs/A24

Gutt Filmer aus de Niewesektiounen

Zwee aner Filmer hunn derzou bäigedroen, dass mer no den éischten Deeg Festival éischter zefridden, wann och net begeeschtert sinn.

Am dänesche Film WILDLAND (Sektioun Panorama) spillt d'Sidse Babett Knudsen, bescht bekannt aus der Serie "Borgen", eng Mamm, déi wéi e klenge Mafiaboss mat hiren 3 Bouwen de Familljebetrib leet, deen haaptsächlech vu Racketing lieft. Wéi se hir 17 Joer al Niess bei sech ophëlt, an déi Zeie gëtt vun engem Erpressungsversuch vun de Bridder, dee schif ausgeet, riskéiert déi ganz Famill ausernaner ze briechen. De Film ass spannend vu vir bis hannen; eng Spannung, déi aus de Situatiounen ervirgeet, awer haaptsächlech och aus de komplexe Relatiounen tëschent ganz staark gezeechente Personnagen. Dat ass idealen usprochsvollen Ënnerhalungskino.

Sandra Guldberg Kampp, Elliott Crosset Hove, Besir Zeciri, Sidse Babett Knudsen, Joachim Fjelstrup Kød & Blod | Wildland by Jeanette Nordahl DNK 2020, Panorama / © Christian Geisnæs

Spannung puer ass awer och de klassesche Gangsterfilm TIME TO HUNT vum Koreaner Yoon Sung-hyun an der Sektioun Berlinale Special Gala. De Film erfënnt de Genre net nei: dräi Jonker geléngt en eigentlech einfache Coup, mat deem se allerdéngs iwwermächteg Gangsterbossen op de Plang ruffen, déi e professionelle Killer op se usetzen. Et gëtt endlech Zäit, unzëerkennen, dass déi koreanesch Action-Filmer de meeschten Hollywood-Filmer a näischt nostinn. Au contraire: do wou am US-Kino Spezialeffekter ëmmer méi iwwerhand huelen, ëmmer méi hektesch geschnidde gëtt a gehierlos ronderëm geballert gëtt, baue vill excellent koreanesch Genre-Filmer op staark Geschichten a Personnagen, an d'Action-Zeene sinn esou inzeenéiert, dass ee genau versteet, wat geschitt a wien op wie schéisst. Et bleift nëmmen ze hoffen, dass dank dem Oscar fir "Parasite" méi op de koreanesche Kino gekuckt gëtt, a méi där Filmer an ons Kinoe kommen.