De Lux-Film-Fest ka sech all Joers mat enger flotter Programmatioun weise loossen.

Bis zu der Ouverture vum Festival sinn et nach gutt 10 Deeg, ma et kann een awer schonn e klengen Avant-goût kréien a Form vun enger Fotosausstellung. D'Lëtzebuerger Fotografin Véronique Kolber stellt den Ament am Cercle Cité eng Rei Fotoen aus, wou si sech u bekannten Film-Skripten inspiréiert huet.
Iwwert en Zäitraum vun 8 Joer huet d’Fotografin Véronique Kolber op hiren Amerika-Reesen eng ganz Panoplie u Fotoe festgehalen. Fotoen, déi un Zeenen aus engem Film erënneren. Hir Léift a Faszinatioun fir Amerika ass mat engem ganz bestëmmte Moment als Teenager komm, wou si sech an d’Bibliothéik hiert éischt Buch ausléine gaangen ass.

En anere wichtege Moment war hir Aarbecht op de Film-Plateauen, wou si di éischte Kéier e Skript gelies huet. An der Ausstellung gesäit een dann niewent all Foto en Abschnitt vun engem Original-Skript.

D’Véronique Kolber erzielt mat hire Fotoen a Skripte kleng Geschichten, déi awer mam eegene Kappkino kënne kompléteiert ginn.

D'Ausstellung leeft bis den 14. Mäerz am Cercle Cité.