Vun en Dënschdeg un, gëtt am Escher Theater „Meisterin Hüpf un der scheue König“ gespillt.

"Meisterin Hüpf und der scheue König" ass e poetesche Musekstheater fir Grouss a Kleng, dee vun der Kraaft vun der Virstellung erzielt a wéi ee Schwächen a Stäerkte verwandele kann. Geschriwwen an inzenéiert ass dëst Stéck vun der Lëtzebuerger-Schwäizer Regisseurin Fabienne Biever. D'Première war déi virlescht Woch zu Bern an der Schwäiz, wou d'Virstellunge bis op déi leschte Plaz ausverkaaft waren.

D'Meisterin Hüpf, eng lëschteg Heespréngerin, begéint enges Dags engem scheien, gehemmte Kinnek, deen u senger Roll zweiwelt. Si bitt dem Kinnek hir Hëllef un a verleet hire Schützling zu engem Rollespill, dat hien eng ganz nei an onbekannte Säit u sech entdecke léisst. Des verspillten a witzeg Geschicht inspiréiert sech um Psychodrama. D'Fabienne Biever well mat dësem Stéck virun allem de Kanner weise wéi wichteg et ass u sech selwer ze gleewen an dass all Mënsch seng Schwächen huet.

De Charakter an de Rhythmus vum Stéck gi vum kreativen Zesummespill vun den Acteuren an der Musek gepräägt, déi speziell fir dëst Stéck vum Berner Duo Djinbala in the Kosmos komponéiert gouf. D'Regisseurin huet ganz bewosst op en opwännegen Dekor an opulent Kostümer verzicht.

D'Roll vum scheie Kinnek iwwerhëlt de Germain Wagner. Dee Lëtzebuerger Schauspiller steet net just gäre virun der Fernseekamera wéi zum Beispill fir d'Serie Bad Banks, ma hien ass och ëmmer nees frou kënnen op der Theaterbün ze sinn.

Am Escher Theater ass „Meisterin Hüpf und der scheue König“ nach bis den 1. Mäerz ze gesinn. Vum 25. bis de 29. Mäerz steet d'Ekipp am Mierscher Kulturhaus op der Bün.

Weider Infoe fannt Dir op : www.theatre.esch.lu  an www.kulturhaus.lu