Et ass mat déi bekanntst Tragedie aus der griichescher Mythologie. Nom trojanesche Krich lant den Aeneas bei der Kinnigin Dido.

Si verléift sech onstierflech, mä d’Schicksal erméiglecht keen erfëllte Gléck. "Dido and Aeneas" ass eng dicht Oper a verlaangt vill Emotioun. D’Sängerin Katrin Lena Heles, déi um Staatstheater zu Nürnberg schafft, spillt bei dëser Lëtzebuerger Produktioun zu Miersch d’Roll vun der onglécklecher Kinnigin.

No der Pir Kremer-Hommage "Um Stamminee" huet de Regisseur Claude Mangen zesumme mam Ensembel vun der Chapelle Saint Marc an dem Ensemble Vocal du Luxembourg dës Oper kreéiert. Dacks kommen déi grouss Produktiounen am Musekstheater aus dem Ausland, ma bei "Dido and Aeneas" sti bewosst Lëtzebuerger Museker a Sänger am Virdergrond.

"Dido and Aeneas" leeft nach bis den 29. Februar am Mierscher Kulturhaus.