E gudden däitsche Film an eng franséisch Komedie retten e bis elo extrem schwaache Wettbewerb zu Berlin.

"Undine"

"Undine" vum Christian Petzhold baséiert op der Legend, un där den Hans Christian Andersen sech fir säi Märchen "Die kleine Meerjungfrau" inspiréiert huet. D'Undine ass eng Nymph, déi sech an e Mënsch verwandelt, wann e Mann se bestuet. Wann deen ontrei gëtt, muss d'Undine en ëmbréngen. Am Film gëtt d'Undine (Paula Beer), déi Féierungen an engem Musée mécht, vun hirem Frënd verlooss, verléift sech awer direkt erëm an en Daucher.

Dem Petzhold seng Filmer si méi konzeptuell wéi emotional a spille sech dacks op verschiddenen Ebenen of, wéi déi zwou historesch Zäitepochen a sengem leschte Film "Transit", deen d'Auswanderung a Migratioun zum Thema hat. An "Undine" pendelt de Film hin an hir tëschent dem Mythos an der Realitéit, an d'Haaptthema ass eng deels romantesch, deels dramatesch Libesgeschicht. Et ass scho spannend fir de Spectateur, déi 2 Niveaue mat alle Verbindungen, Metapheren a Referenzen ze verfollegen. Dat mécht de Petzhold och ganz clever, heiansdo och brillant, wéi an der éischter Renconter vun dem Undine an dem Daucher. Wann een dann awer och nach dem Undine seng laang Musée-Exkursen iwwert d'Geschicht vun der Berliner Städtebauplanung soll a Verbindung brénge mat der Undine-Legend, ass dat villäicht ze vill verlaangt. Trotzdeem zielt "Undine" zu den interessantste Filmer am Wettbewerb.

© Christian Schulz/Schramm Film

"Siberia"

Mat Ausnam vun "The first cow" an eben "Undine" war de Wettbewerb bis elo extrem schwaach. Eng absolut Zoumuddung war, wéi schonns am viraus gefaart, "Siberia" vum Abel Ferrara mam Willem Dafoe. Ënnerluecht vun doudeescht gemengten, awer lächerlech wierkenden existenzialistesche Kommentaren, erlieft den "Held" bal am sibiresche Schnéi, dann an enger Oase an der Wüüst oder enger Hiel oder soss iergendengem Lach oder enger anerer Landschaft, ëmmer begleet vun engem Ruddel Huskyen, plus ou moins traumatesch Erliefnisser aus sengem Liewen. Am Sall ass vill gelaacht ginn, d'Kriticke sinn execrabel. Et ass wuel ee vun de nullste, Filmer déi ech a menger Festival-Karriär gesinn hunn. Wat ass do am Kapp vun de Selektionneure wuel vir sech gaangen? Mä et gëtt ëmmer nach deen een oder aneren, deen dat genial fënnt.

Dono sinn all déi aner méi oder wéineger mëttelméisseg bis schlecht Wettbewerbfilmer bal erëm gutt. Vläicht war dat och den Zweck vun der Übung. Trotzdeem, de brasilianesche Film "All the dead ones", ass eng zimmlech akademesch Ofhandlung vun de Nowéie vun dem Esklavagismus an enger biergerlecher Famill um Enn vun dem 19. Joerhonnert a Brasilien.

© 2020 Vivo film, maze pictures, Piano

"Schwesterlein"

Carrement ratéiert ass de Schwäizer Film "Schwesterlein" vum Stéphanie Chuat a Véronique Reymond. De Film wëll wuel déi fusionell Relatioun tëschent Zwillingen duerstellen, am Moment, wou de Brudder (Lars Eidinger) amgaangen ass, u Leukemie ze stierwen a seng Roll als Hamlet op der "Schaubühne" muss opginn. D'Schwëster (Nina Hoss) verléiert doduerch all Rationalitéit a setzt hiert ganzt Familljeliewen op d'Spill. Et geléngt dem Film dat awer net eriwwerzebréngen an déi zwee Handlungssträng sënnvoll mateneen ze verbannen.

© Vega Film

"Le sel des larmes"

Den 72 Joer ale Philippe Garrel gehéiert zu enger bekannter franséischer Kënschtlerfamill, vun där haut säi Bouf, den Acteur Louis Garrel, wuel de bekanntste Member ass. Trotz sengem zolitte Status a Frankräich hunn dem Garrel seng Filmer et ni an d'Kompetitioun zu Cannes gepackt (héchstens an d'Quinzaine des Réalisateurs). Och kee vu senge Filmer ass jee zu Lëtzebuerg erauskomm. Fir de Wettbewerb zu Berlin ass et dann awer duergaangen, obschonn "Le sel des larmes" alles wéi net brilléiert huet. Wann een dem Film gutt wëll, kéint ee soen, et wär en Hommage un d'Nouvelle Vague ("Contes moraux" vum Eric Rohmer oder "Jules et Jim" vum François Truffaut). Dës Geschicht vun engem Schräiner-Student, deen op relativ feig Manéier zwee Meedercher sëtze léist an da vun engem drëtten eng Dräiecksrelatioun imposéiert kritt, ass awer éischter eng almoudesch Kopie mat stereotyppe Personnagen, déi haut wuel wéineg interesséiert, och wann déi schwaarz-wäiss Fotografie sech weise léisst.

© RECTANGLE PRODUCTIONS – CLOSE UP FILMS

"Effacer l'historique"

Deen anere franséische Film, "effacer l'historique", eng puer Komedie vum Benoît Delépine a Gustave Kervern ("Mammouth", "Le Grand Soir", "I Feel Good") ass par konter exzellent hei ukomm. De Film suivéiert e Mann an zwou Fraen, éischter sympathesch Anarcho-Gilets Jaunesen, déi sech mat der digital vernetzter Welt erëmploen a versichen, sech esou gutt et geet an engem schwierege sozialen Ëmfeld duerchzeschloen. Dat ass gréisstendeels excellent a kritesch observéiert, a meeschtens och hilarant.

An och wann de Film éischter sketchméisseg opgebaut ass, mat Pointen déi sëtzen, esou verléiert en awer ni de Rhythmus. Allerdéngs verfält e leider ëmmer erëm dertëschent an e bëllegen naive Militantismus (zum Beispill gëtt mat der Motorsee e Computer-Ecran zerstéiert), deen net en Phase ass mat dem soss éischter bëssegen a satireschen Humor. An zumindest ee vun den dräi Handlungssträng, déi de Film duerchzéien (den Denis Podalydès geet no senger sexy Internet-Léift bis op d'Ile Maurice sichen, fir erauszefannen, dass et just eng Computerstëmm war) ass esou bëlleg, esou previsibel an archirabachéiert, dass et engem schwéier fält, dann nach vun engem richteg gudde Film ze schwätzen.

"Effacer l'histoire" awer bleift eng iwwerduerchschnëttlech Komedie, bei där ee sech gutt ameséiert, an déi och am Kino wäert e groussen Erfolleg ginn. Zu Berlin an och um Luxfilmfest zu Lëtzebuerg ware se awer der Meenung, dass dat duer geet fir eng Plaz an der Competitioun. A mer bekloen ons och net wierklech, well esou eng Komedie deet dach gutt tëschent all deenen oft däischteren a verklemmte Filmer.

© Les films du Worso - No Money Productions - France 3 Cinéma - Pictanovo - Scope Pictures – 2019