Et kann ee sech kaum zwee méi ënnerschiddlech Filmer virstellen, wéi déi zwee, déi mer als alleréischt an der Kompetitioun vum Luxfilmfest gesinn hunn.

BAIT vum Englänner Mark Jenkin ass un alleréischter Stell e formaalt Experiment. Op 16mm Film a schwaarz/wäiss an am 3:4 Format a fixe Pläng ouni Kamerabeweegunge gedréit, sti mer hei ästhetesch gesi virun engem Film aus der Stommfilmzäit.

Den absichtlech schlecht post-synchroniséierten Toun inspiréiert sech éischter u bëllegen italienesche Filmer aus de 50er Joren. De Film benotzt och nach meeschtens "extreme Close-Ups", eng Montage-Technik, déi an hirer pousséierter Symbolik haut net méi géif duerchgoen.

An trotzdeem bréngt BAIT et fäerdeg, genau wéi deemools och eng interessant, wann och net besonnesch originell Geschicht ze verzielen. An engem walisesche Fëscherduerf hunn zwee Bridder hiert Haus un eng Londoner Famill verkaaft, déi et renovéiert hunn an un Touriste verlounen. Wärend deen ee Brudder fir e neit Boot spuert, féiert deen aneren Touristen an der Bucht spadséieren. Thema vum Niddergang vun de klenge Fëscherdierfer an déi inevitabel Rettung duerch deels schlecht acceptéiert d'Gentrificatioun, verbreet esouwuel a Form wéi Inhalt eng gewëssen Nostalgie fir déi natierlech all Cinephil besonnesch ufälleg ass. Och wa mer villäicht net wäit ewech si vun engem méi diskutabelen Passéismus. Trotzdeem: BAIT ass en héichinteressante Film, dee seng Plaz besonnesch op Festivaller huet, well en dach fir eng normal Distributioun am Kino ze ongewinnt ass.

" frameborder="0" allow="accelerometer; autoplay; encrypted-media; gyroscope; picture-in-picture" allowfullscreen>

BABYTEETH

Dem australesche Film BABYTEETH vum Shannon Murphy kann een allerdéngs elo schonns eng erfollegräich Karrirär am Kino viraussoen. An der traditioneller Presentatioun vum Film um Festival duerch e Member vum Selektiounscomité krute mer de Film eendeiteg als eng Komedie virgestallt an no der Internet-Marketing-Formule gesot "Wann der dëse Film gär hutt, da gefält iech och dësen, um Festival... an zwar an dësem Fall "Greener Grass" (avis aux amateurs), an dat schéngt effektiv eng richteg Komedie ze sinn.

Zouginn: mir kruten och gesot, fir de Schluss vum Film misste mer Kleenexe bereet halen. An esou war et dann och. Mä BABYTEETH als eng Komedie ze bezeechnen ass schonns komesch, wann dach d'Labelen "Coming of age" an "Tearjerker" vill éischter op dëse Film passen.

© LuxFilmFest

Am Ufank vum Film ginn et och eng Rei éischter skurril Zeenen an alles spillt sech an dacks bonbon-faarwegen Dekoren of. Dat steet natierlech total am Kontrast vum ganz düsteren Thema vum Film a soll dem Spectateur hëllefen, Stress ofzebauen. Am Film geet et ëm e jonkt Meedchen, dat onheelbar u Kriibs erkrankt ass. Seng Elteren, déi alles maachen, fir him d'Liewen ze erliichteren a verzweiwelt versichen, d'Fassung ze behalen, acceptéiere schliisslech e marginale jonken Drogendealer, an dee sech hiert Meedche verléift huet a mat deem se dann zesummen de Wee gi bis zum batteren Enn.

Et ass e ganz staarken an emotionale Film, deen awer och excellent inzenéiert ass mat enger meeschtens handgehalener Kamera, déi d'Personnagen awer ganz präzis am Kader afänkt an ni hektesch wierkt. De Film hätt kënnen a sengem éischten Deel e bësse méi gestrafft sinn an op e puer onnéideg länger Digressiounen, wéi déi mat der schwangerer Nopesch, verzichten. Erstaunlech ass, wéi vill Parallellen et gëtt tëschent dësem an dem Ouverture-Film "Promising Young Woman", déi sich wuel doduerch erklären, dass déi béid Realisatricen op der Serie "Killing Eve" zesumme geschafft hunn.

BAIT leeft nach e Mëttwoch, den 11. Mäerz um 14 Auer an der Cinemathéik

BABYTEETH leeft e Méindegn den 9. Mäerz um 21 Auer an der Cinemathéik, an e Mëttwoch, den 11. Mäerz um 10 Auer am Kinepolis.