No den éischten 2 exzellente Kompetitiounsfilmer hunn eis déi 3 nächst Filmer, déi iwwert de Weekend programméiert waren, net méi esou iwwerzeegt.

Wie sech iergendwéi un dem Pablo Larrain seng viregt Filmer wéi "No", "Neruda" oder de groussaartege Biopic "Jackie" erënnert, soll dat alles einfach vergiessen. EMA ass nämlech - villäicht e bëssen ze salopp ausgedréckt - streckeweis "du grand n'importe quoi". Mir kréien zwar e puer Informatiounen iwwert d'Ema, eng Dänzerin, déi zesumme mat hirem Mann, dee Choreograph ass, e Kand adoptéiert hat, dat total aggressiv an esouguer geféierlech ginn ass, an dat d'Koppel um Enn erëm ewechginn huet. Fir de Rescht gëtt an engem inkoherenten Duercherneen extrem vill gedanzt (Reggaeton) an enger Danztrupp, déi kee Cliché iwwert den Artistemilieu ausléisst, wéi e Kolleeg bemierkt huet. A flashy Discoe gëtt dragéiert, haaptsächlech tëscht Fraen, mat e puer brav inzeenéierte lesbesche Sexzeenen. D'Ema zitt dann och nach reegelméisseg mat hire Groupien duerch d'Stad mat engem Flamewerfer an zerstéiert hei en Auto, do eng Verkéiersluucht, näischt allze Béises. Sinn dëst Männerfantasien iwwert anarchistesche Fraepower, oder psychologesch gekuckt, eventuell d'Representatioun vun der Orientéierungslosegkeet vun der troubléierter Ema? Dës kal, artifiziell a chaotesch Welt, déi de gréissten Deel vum Film duerchzitt, huet ons, trotz der gudder Mise en Scène, total op der Streck gelooss, a wéi dunn bemol, eng véierel Stonn viru Schluss, eng onerwaart Wendung koum, déi e puer Elementer vu virdrun op d'mannst deelweis erkläert, war et ze spéit. Well mer fein sinn, verrode mer Iech näischt vun dësem iwwerraschende Schluss, deen opgeprafft a wéineg plausibel wierkt an dem Film net vill méi Sënn gëtt.

"Ema" vum Pablo Larrain / © Luxfilmfest

De schwedesche Realisateur Roy Andersson ass e Programm fir sech, a wien ee vu senge 4 leschte Filmer gesinn huet - no e puer klassesche Fiktiounsfilmer an de 70er Joren - huet se all gesinn, oder bal. Se bestinn aus verschiddene statesche Vignetten, ouni Kamera-Mouvement a mat Personnagen, déi sech lues am Dekor beweegen a méi oder wéineg kloer Aussoe maachen oder representativ do stinn, fir eng Iwwerleeung iwwer "Gott, de Mënsch an d'Welt". Den éischte Film "Songs from the second floor" (2000), deen de Roy Andersson a sengem markanten an eenzegaartege Stil gedréint huet, war wuel deen attraktiivsten, mat engem dréchenen Humor an eng Uklo géint de Materialismus an Zynismus vun onser kapitalistescher Gesellschaft als zimmlech kloer identifizéierbaart Thema. A sengem leschte Film ABOUT ENDLESSNESS ass dësen Humor bal net méi ze fannen an och e méi iwwergräifend Thema ass schwéier ze identifizéieren, obschonn eng Rei Vignette mat dem Verloscht vu Spiritualitéit ze dinn hunn. Fir de Rescht ka jiddereen dermat ufänke wat e wëll, an natierlech Freed un der Poesie vu senge Biller hunn. Eng Presentatioun a Competitioun zu Lëtzebuerg, nodeem e schonns eng Dosen aner Festivaller gemaach huet, léist sech natierlech justifizéieren. Wann awer just 10 Filmer kënne gewise ginn, freet ee sech ob net méi interessant Decouverten ze maache sinn, wéi dëse 4. Film vum Roy Andersson.

"About Endlessness" vum Roy Andersson / © Luxfilmfest

Déi franséisch Komedie EFFACER L'HISTORIQUE, eng puer populär Komedie vum Benoît Delépine a Gustave Kervern ("Mammouth", "Le Grand Soir", "I Feel Good") huet fir eis dogéint definitiv näischt an der Competitioun vun engem ambitiéise Festival ze sichen. Dat gëllt fir d'Berlinale, genee wéi fir de Luxfilmfest. Et sief dann, e wär just do, fir dem Spectateur e bësse Loft ze ginn tëscht all deenen dacks méi "schwierege" Filmer. Mir kënnen hei nëmmen dat widderhuelen, wat mer schonn am Kontext vun der Berlinale gesot hunn. De Film suivéiert e Mann an zwou Fraen, éischter sympathesch Anarcho-Gilets-Jaunen, déi sech mat der digital vernetzter Welt erëmploen a versichen, sech esou gutt et geet an engem schwierege sozialen Ëmfeld duerchzeschloen. Dat ass gréisstendeels excellent a kritesch observéiert a meeschtens och hilarant. An och wann de Film éischter sketch-méisseg opgebaut ass, mat Pointen, déi sëtzen, esou verléiert en awer ni de Rhythmus. Allerdéngs verfält e leider ëmmer erëm dertëscht an e bëllegen naive Militantismus, deen net eng Phas ass, mat deem soss éischter bëssegen a satireschen Humor. An op d'mannst ee vun den dräi Handlungssträng, déi de Film duerchzéien - den Denis Podalydès geet no senger sexy Internet-Léift bis op d'Ile Maurice sichen, fir erauszefannen, dass et just eng Computerstëmm war -  ass esou bëlleg, esou previsibel an ofgenotzt, dass et engem schwéier fält, dann nach vun engem richteg gudde Film ze schwätzen. An och wann EFFACER L'HISTORIQUE eng iwwerduerchschnëttlech Komedie ass, bei där ee sech gutt ameséiert, kann een op dësem Niveau net einfach d'Abstraktioun maachen, vun deene ville kannerege Passagen.

"Effacer l'Historique" vum Benoît Delépine / © Luxfilmfest

EFFACER L'HISTORIQUE leeft nach e Freideg,13.03 um 20h30 an der Cinemathéik

EMA leeft och nach e Freideg 13.03 um 10 Auer am Kinepolis.

ABOUT ENDLESSNESS huet nach eng lescht Seance e Samschdeg, 14.03 um 11 Auer an der Cinemathéik