Am Kader vum LuxFilmfest ginn e sëllegen Atelieren a Workshops ugebueden, een dovun nennt sech "SCHERENSCHNITT IM TRICKKINO" a riicht sech u Kanner.

Geleet gëtt de Workshop vum Olivier Pesch. Am Cycle 3.2 zu Weiler zum Tuer, gëtt fläisseg geschafft. D'Kanner sinn amgaangen, hiren eegenen Animatiounsfilm ze produzéieren. Dat mat der hëllef vum Olivier Pesch. Hien ass Expert fir Stop-Motion-Animatiounsfilmer.

Zanter 2004 schafft hie gréisstendeels am Ausland u Produktioune fir Hannergrënn, Zeenebild a Marionetten ze kreéieren. Och als Realisateur vun Animatiounsfilmer ass hien e gefrote Personnage an der Filmindustrie. 2007 huet hie fir säi Kuerzfilm "Le gardien du nid" (2006) de Lëtzebuerger Filmpräis als Nowuess-Hoffnung kritt. Gäre bréngt hien de Kanner elo d'Konscht vum Stop Motion am Animatioun film méi no.

1 Mount am Viraus ass den Olivier scho bei d'Kanner an d'Schoul gaangen, fir en éischten Introduktiounscours. Doropshin hunn d'Kanner ugefaangen, un hirem Dréibuch ze schreiwen an d'Männercher fir de Film ze kreéieren an erauszeschneiden. D'Schwieregkeet hei ass, dass d'Kanner vill Gedold brauchen, well se d'Figure just lues beweege kënnen.

Am Ganze solle si 7 Stonnen um Projet schaffen. Doduerch ginn deemno och 7 Stonne vum normale Cours verluer. Der Léierin no, dem Nora Berscheid, och nach d'Haaptfächer. Ma dass si elo méi séier um Schoulprogramm schaffe mussen an och méi dacks Hausaufgabe kréien, dat géif hinnen näischt ausmaachen, dofir géif hinnen de Workshop einfach ze gutt gefalen.