De Joy Hoffmann suivéiert weider d'Fictiounsfilmer aus der Kompetitioun vum Luxfilmfest.

Am Film MOSQUITO vum Joao Nuno Pinto lant en idealistesche jonke portugiseschen Zaldot 1917 am Mozambique, wou d'Kolonialmuecht vun der däitscher Arméi harceléiert gëtt. Duerch e Malaria-Ufall gëtt de Protagonist vun deenen aneren Zaldote getrennt a versicht se, an deeglaange Märsch duerch d'Brousse, erëmzefannen. D'Ästhetik vum Film, mat Biller déi (ze) dacks um Rand flou sinn, an och déi net chronologesch Erzielweis ginn den halluzinatoreschen Effekt vun dëser Epopée zimmlech iwwerzeegend erëm. De 17 Joer ale Bouf, deen op sengem laange Marsch versicht ze iwwerliewen an net dem Wansinn ze verfalen, mécht eng Rei Renconteren, déi säi primitiivt, militaristesch a machistescht Weltbild a Fro stellen. Besonnesch interessant a staark ass seng Renconter mat engem matriarchalesche Stamm, dee souwuel seng männlech Iwwerhieflechkeet a Fro stellt wéi och déi oniwwerbréckbar d'Klufft tëschent den Urawunner an de Colonisateuren weist. E bësse wéi an engem Bildungsroman gëtt awer dës Episod, wéi all déi aner, ofgehaakt, a mer komme bei déi nächst, ouni dass se leschten Enns vill Influenz op d'Psychologie vum Personnage hunn, un deen de Spectateur sech wéineg emotional gebonne fillt. Wann de Bouf da, géint dem Enn vum Film, en däitsche Prisonéier mécht, fält de Film leider an de gängegen Antikrichsfilm-Cliché, eppes wat e bis dohinner villfach evitéiert hat. A senger Ästhetik an deelweis a sengem Propos ass de Film net oninteressant, wann en dann net esou zéifléissend wär an de Realisateur mengt, fir Konscht ze maachen, misst en och de Spectateur physesch leiden doen wärend de laange Märsch duerch d'Brousse. Et gëtt esou eppes wéi Zäit-Ellipsen am Kino.

Aus dem Film "Mosquito" vum Joao Nuno Pinto

De peruanesche Film SONG WITHOUT A NAME vun der Melina Leon spillt sech an den troubléierten 80er Joren am Peru of, wou Korruptioun a sozial Ongerechtegkeet de bluddegen Guerillakrich vum Sentier Lumineux côtoyéiert.

Georgina, eng jonk Quechua-Indianerin gëtt op Lima an eng fake Klinik gelackelt a kritt do bei der Gebuert hiert Kand geklaut. Ouni Reaktioun vun den Autoritéiten, kontaktéiert si e Journalist, deen enquêtéiert. Den éischten Deel vum Film, an deem déi verzweiwelt jonk Mamm versicht hiert Kand erëmzefannen an och déi journalistesch Enquête, ass dramaturgesch staark, fänkt awer no an no u sech ze verlafen an un Intensitéit ze verléieren. E Niewe-Plot wou de Mann vum Georgina, och aus Nout, an hirem Duerf an de Bierger sech vum Sentier Lunimeux rekrutéiere léisst, passt nach wuel zum Haaptthema, wierkt awer éischter anekdotesch. Déi avortéiert Romanz, tëscht dem Journalist an engem Artist allerdéngs fält dann total aus der Roll, a schwächt déi bis dohinner schonns strapazéiert dramaturgesch Kohesioun vum Film nach méi. Bleift da nach just d'Form vum Film, déi déi vill Selektiounen op de Festivaller, zanter senger Première zu Cannes virun engem Joer an der Niewesektioun "Quinzaine des Realisateurs" villäicht erkläert. Déi ass effektiv ondiskutabel, mat schéine Kompositioune vun de gréisstendeels fixe Pläng, déi kontrastéiere mat méi niwwelegen, dramaartege Sequenzen am Duerf. Mä geet d'Form eleng duer? Dëst ass elo schonns den drëtte Film a Competitioun, dee quasi exklusiv op fixe Pläng baséiert. Vun deenen dräi ass "Bait" sécherlech deen originellsten an innovatiivsten. Geet dat net duer, fir eng un a vir sech schonn exigent Form, an enger Competitioun vun just 10 Filmer, déi awer de Choix huet tëscht wäit iwwer honnert Qualitéitsfilmer, déi um Maart sinn? An enger Presentatioun krute mer gesot, et misst een d'Competitioun als e Ganzt ugesinn, an deem d'Filmer mateneen dialogéieren. Dat maache se villäicht ënnert sech, awer net esou richteg mat mir!

Aus dem Film "Song without a name" vun der Melina Leon.

"Mosquito" leeft nach e Freideg, 13. Mäerz um 18h30 am Utopia.

"Song without a name" leeft haut, Donneschdeg,12. Mäerz um 16h00 an der Cinemathéik.