Podcasts aus dem Musée d'Orsay, Open Culture fir rar a gratis Filmer, ee Youtube-Channel fir jonk Lëtzebuerger Auteuren an d'Gesellschaftsspill "Erwischt!"

D'Kulturhaiser sinn zou, dofir muss een awer net op Konscht, Musek, Literatur, Theater asw. verzichten. D'Kultur-Redaktioun versuergt Iech dofir mat Fudder fir Kapp, Häerz a Gemitt.

Musée d'Orsay - Podcasts ronderëm d'Molerei

Zanter leschtem Oktober bitt de Paräisser Musée d'Orsay dem Public 13 Podcasts un, an deene sech alles ëm d'Molerei dréint.

Promenades imaginaires heescht dës Serie, déi déi fiktiv Geschichte vun 13 Tableauen aus der Kollektioun vum Musée erzielt.

© Crédits Musée d'Orsay

Verschidde Stëmmen huelen den Nolauschterer ënnert anerem mat op eng Rees an d'Belle Epoque, op d'Spuere vun enger Dänzerin vum Edgar Degas, an d'Liewe vum Kueder Pacha, gemoolt vum Pierre-August Renoir oder op eng Soirée mam jonke Madeleine, veréiwegt vum Félix Vallotton.

Geschriwwe goufen d'Geschichte vun der franséischer Schrëftstellerin Béatrice Fontanel, an dat fir Grouss a Kleng.

Open Culture: 1.150 rar a gratis Filmer

Vu Komedie iwwer Horror, bis hin zu Western an Documentaire, iwwer d'Online-Plattform Open Culture kann ee sech ganzer 1.150 Filmer ukucken an dat ganz fir näischt.

Ënnert deene ville Filmer ginn et rar, deels schonn a Vergiessenheet gerode Meeschterwierker ze entdecken, wéi zum Beispill déi éischt Kuerzfilmer vu Regisseure wéi David Lynch, Tim Burton, Salvador Dalí, George Lucas, Jean Cocteau a Wes Anderson.

Ee Beispill: Bottle Rocket (1992), den éischte Kuerzfilm vum Wes Anderson mam Owen Wilson a Luke Wilson.

"LiteraturLiwwererOnline" - Youtube-Channel fir Literatur

De Literaturkritiker Jérôme Jaminet bréngt, an Zäite vu "Social Distancing", net just Bicher virun d'Hausdier, mä och Literatur op den Handy oder de Computer-Ecran.

Mat senger Initiativ "LiteraturLiwwererOnline" bitt hien op engem Youtube-Channel Liesunge vu jonke Lëtzebuerger Auteuren un.

Den Ufank vun dëser Serie mécht den Antoine Pohu, Gewënner vum Lëtzebuerger Literatur-Concours 2019, an der Kategorie vun de Jonken tëscht 15 a 25 Joer.

Hie liest Extraiten aus sengem priméierte Roman "La quête" vir.

Gesellschaftsspill "Erwischt!"

Och Gesellschaftsspiller kënnen e gutt Ventil géint de Corona-Frust sinn!

"Erwischt!" ass een ongewéinlecht Spill fir d'ganz Famill, dat sech och gutt a Verbindung mat aneren Aktivitéite spille léisst. Op de Kaarte sti besonnesch Aufgaben, déi all Spiller ausféiere muss, ouni dass déi aner et mierken. Mengt ee geroden ze hunn, wéi een Tick ee vun de Matspiller sech extra ugëeegent huet, rifft een "Erwischt!".

En einfache Spillprinzip, deen awer vill Spaass a Gelaachs versprécht.