2 Virtuosen op hire Sträichinstrumenter, e Bestseller vum Stephen King an eng Fortsetzungsgeschicht fir Kanner.

D'Kulturhaiser sinn zou, dofir muss een awer net op Konscht, Musek, Literatur, Theater asw. verzichten.

D'Kultur-Redaktioun versuergt Iech dofir mat Fudder fir Kapp, Häerz a Gemitt.

Chris Reitz an André Mergenthaler in Concert zu Maribor 2012

Fir hiren Optrëtt an der deemoleger europäescher Kulturhaaptstad Maribor a Slowenien haten den André Mergenthaler an de Chris Reitz 2012 den Deep Purple Klassiker “Smoke on the Water” nei erfonnt. Um Cello, respektiv op der elektrescher Gei, hu si eng Performance ofgeliwwert, bei där engem einfach nëmmen de Mond opstoe bleift. 5 Minutten a 34 Sekonnen renge Musekgenoss, ze fannen um Youtube-Kanal vum Chris Reitz.  

"The Stand" e Bestseller vum Stephen King

An der Literatur ginn et e sëllege Beispiller, wou d’Thema vun der Pandemie behandelt gëtt. Dat op ganz ënnerschiddlech Manéier. Et ass vill literaresche Schrott dobäi, et ginn awer och Beispiller vu wierklech groussaartege Bicher. “The Stand”, op Däitsch “Das letzte Gefecht”, dem Stephen King säi Mega-Bestseller vun 1978, erzielt d’Geschicht vun enger Grippewell, déi e groussen Deel vun der Mënschheet ausläscht.
Just e puer Dausend Mënschen iwwerliewen a si mussen elo aus allen Himmelsrichtunge fir d’éischt emol beienee fannen. Dobäi gi si vun Dreem geleet, déi eng hu Visioune vun engem dämonesche Personnage, dem “Walking Dude”, déi aner dreeme vun enger iwwer 100 Joer aler schwaarzer Fra, der “Mother Abagail”, déi op enger Farm am Nebraska lieft. Si representéiert dat Gutt a féiert hir Unhänger an d’Stiedche Boulder am Colorado, wou si eng nei Gesellschaft opbauen. Iwwer 1.200 Säiten, an dovun ass garantéiert keng ze vill, leeft alles op eng Konfrontatioun tëscht deenen zwou Gruppen eraus.

“The Stand” ass och 1994 verfilmt ginn.

"Am Land wou de Peffer wiisst" eng Geschicht fir Kanner vum Roland Meyer

Schoulmeeschter, Kabarettist, Museker an Auteur, de Roland Meyer huet vill Kapen op. A wat mécht esou ee Geschichtenerzieler, wann e gezwongenermoossen doheem sëtze muss? Richteg, en erzielt eng Geschicht!

Déi hei gouf scho viru Jore fir eng Schoulklass geschriwwen, a si dréint sech ëm dee klengen Däiwelchen Diago. Deen ass nach ganz jonk, grad emol 666 Joer huet de Borscht. A jo, an Diago wëll en absolut net genannt ginn. Diabolo Fuego Luzifero de l’Inferno, sou ass et richteg! Hien ass nämlech aus enger ganz aler Däiwelsfamill an do hält een op déi richteg Uried. Bei den Däiwelen ass d’Famill L’Inferno awer guer net beléift, well si si gutt, éierlech an trei, ganz anescht also wéi ee sech en Däiwel géif virstellen.

Den Titel  vun der Geschicht ass “Am Land wou de Peffer wiisst” an de Roland Meyer deelt all Dag een oder zwee Kapitelen op senger Facebook-Säit, fir dass d’Kanner se liesen oder d’Elteren se virliese kënnen. E puer si schonn online, 15 ginn et der am Ganzen.

Ob den Diago eemol grad esou berüümt gëtt wéi dem Roland Meyer seng leschte Romanfigur, den Telmo? Dat kann de Roland Meyer och net soen, den Diago huet säi Wee nach net esou richteg fonnt. Mä vläicht gëtt e jo emol Rapper oder Speaker op RTL? Wie weess!