De grousse Pianist Keith Jarrett, en zäitgenëssesche Gedichtband Thomas Brasch an eng poetesch Netflix-Serie "Unser Planet".

D'Kulturhaiser sinn zou, dofir muss een awer net op Konscht, Musek, Literatur, Theater asw. verzichten.

D'Kultur-Redaktioun versuergt Iech dofir mat Fudder fir Kapp, Häerz a Gemitt.

Musek: Keith Jarrett "The Köln Concert"

De Keith Jarrett ass e vun de grousse Pianisten an ass beaflosst ginn duerch den Jazz. Hien huet mam Charles Lloyd a Miles Davis gespillt, éier hie seng Solo-Karriär richteg lancéiert huet. Bekannt ass haut de Köln Concert vu 1975, dee ganz opgeholl gouf an deen een op Youtube entdecke kann.

Bekannt ginn ass och säin Album aus de 90er Joren, A Melody at Night, with You. De Keith Jarrett hat virun der Verëffentlechung eng schwéier Zäit – e war chronesch erschëpft a krank an huet misse mam Piano ophalen. A Melody at Night, with You war eigentlech just fir dem Keith Jarrett seng Fra Rose Ann geduecht, ass dunn awer publizéiert ginn. E Gléck fir eis! Et ass en Album voll Poesie a Léift, e richtege Schatz.

Lyrik: Thomas Brasch "Was ich mir wünsche"

Dacks gi Gedichter am Verglach zu Erzielungen a Romaner an den Tirang vun de komplizéierten Konschtwierker klasséiert. Natierlech si Gedichter eppes anescht wéi e Buch mat enger klassescher Haaptfigur, engem sougenannte „Plot“, also enger Geschicht.
Et si kompriméiert Texter mat enger konschtvoll gebrauchter Sprooch, an deenen awer vill Gefill stécht. An wie seet dann, datt et eng allgemeng gëlteg Erklärung fir e Gedicht gëtt? Dierf een net emol einfach en Text liesen, just fir sech, an d’Gefill, d’Schéinheet dobäi wierke loossen?

E gutt Beispill fir Gedichter, déi einfach sinn an d’Gefill schwätze loossen, sinn dem Thomas Brasch seng. De Geheimtipp: Was ich mir wünsche, eng richteg Decouverte! An dobäi ass den Thomas Brasch net nëmmen Dicher, mee och Iwwersetzer an Dramatiker.

An: Gedichter soll en ëmmer haart liesen, entweder fir sech selwer oder fir en Aneren. Eréischt da kënnt d’Musek, déi sech am Text, an der Form verstoppt, eraus a ka sech entfalen.

Serie: "Unser Planet" vum David Attenborough

Wie gäre Natur- an Déieren-Dokumentatiounen huet, deen ass bei der Serie Unser Planet méi wéi richteg.
An 8 Episode weist Netflix eis Äerd, eis Déierewelt, reest vun Norden no Süden, vun Osten no Westen, vun den Mieresdéiften bis op d’Biergspëtzten a presentéiert de Leit déi voll Pracht vun de Liewewiesen.

Gläichzäiteg hëlt den David Attenborough, de bekanntsten Déierendokumentar-Filmer, deen d’Sendung matgemaach huet, kee Blat virun de Mond. Well effektiv weist d’Serie engersäits d’Schéinheet vun der Natur, anerersäits geet se ganz konkret dorop an.