Den neie Videoclip vun Tuys, Afrobeathoven mat "Klopapier", Sven Sauber Live-Sessions an 90 Sekonne Rapp vum Nicool.

D'Kulturhaiser sinn zou, dofir muss een awer net op Konscht, Musek, Literatur, Theater asw. verzichten.

D'Kultur-Redaktioun versuergt Iech dofir mat Fudder fir Kapp, Häerz a Gemitt.

Den Zougang zur Musek kann eis an dësen Zäiten Gottseidank keen ewechhuelen. Sief et, datt ee säi Plackespiller erëm auspéckt oder méi dacks benotzt. Oder, datt elo vläicht och de Moment ass, fir nei Gruppen a Lidder online an op Streaming Plattformen 'entdecken. Eng musikalesch Parodie zu eiser momentaner Situatioun, ass hei natierlech och dobäi.

Afrobeathoven - Klopapier

Viru kuerzem huet sech eng nei Band gegrënnt mam Numm "Afrobeathoven". Hir Iddi ass et, elo a reegelméissegen Ofstänn Lidder, Live-Sessions a Videoen ze produzéieren. Et muss een also net op nei Kreatioune verzichten. Hei geet et drëms, trotz den Ëmstänn de Leit nach weider Musek iwwer d'sozial Medien unzebidden, an dësem Fall, och mat enger Portioun Humor.

Special Guests am Video sinn de Pit Dahm an de Pol Belardi.

Afrobeathoven aus dem Supermarché
Crazy Quarantine Sessions

De Pol Belardi huet elo zesumme mat aner Museker de Programm "Crazy Quarantine Sessions" op d'Been gestallt. Hei kritt een op Facebook Live-Concerten aus der Stuff ugebueden.

D'Museker maachen awer och en Opruff: Et si schwiereg Zäiten fir d'Artisten, och si verdéngen den Ament keng Suen. Dofir kann een iwwert e Fundraiser e Montant spenden, fir d'Crazy Quarantine Sessions ze ënnerstëtzen. Exklusiv fir Donateure wäerten d'Museker dann e richtege Concert spillen, wann d'Kris eriwwer ass.

Tuys - Papaya

D'Lëtzebuerger Band Tuys sollt den 13. Mäerz, am Kader vum LuxFilmFest, Premiere vun hirem neie Videoclip hunn. De Filmfestival huet awer wéinst der Corona-Kris misse gestoppt ginn, ma hir nei Lidder sinn trotzdeem fäerdeg an de Videoclip ass elo zënter dem 20. Mäerz online.

„Papaya“ esou heescht déi nei Single vun der Band. Wat hei besonnesch opfält, hire Genre huet evoluéiert. Zenter hirem 10. Liewensjoer spille si schonn zesumme Musek an elo war de Moment fir déi 4 Museker, fir sech nei z'orientéieren an nei Sounds ze probéieren. Den neien Album heescht "A curtain call for dreamers". Et kann een op alle Fall gespaant bleiwen, wat déi nächst Lidder wäerte mat sech bréngen.

Tuys- Papaya
Neie Videoclip

 Sven Sauber - Yesteryears

Och dem Sven Sauber säi Concert op der Schmelz huet missen ofgesot ginn. De Sänger a Songwriter schafft schonn zënter 20 Joer als Museker, dat awer meeschtens als Sideman an de verschiddenste Formatiounen. Ma elo huet hie säin éischten Solo-Album erausbruecht mat senge ganz perséinleche Lidder. De Release Concert zu Diddeleng huet missen ofgesot ginn, ma säin Album "Another Day" ass awer trotzdeem erauskomm.

De Museker huet eis virun e puer Deeg dëse Video erageschéckt.

Sven Sauber - Live Sessions featuring Nicole Miller an Annemie Osborne
Featuring Nicole Miller an Annemie Osborne

Fir déi lescht Artbox vum 15. Mäerz hate mir e Portrait vum Museker proposéiert.

Sven Sauber - Artbox
Album Release

Nicool: 90 Sekonne Rapp

Fir d'Emissioun Artbox vum 15. Mäerz hat d'Lëtzebuerger Hip-Hopperin Nicool e spezielle Rapp vun 90 Sekonne geschriwwen a performt.

Genéisst en nach emol.

D'Nicool rappt fir d'Artbox
Artbox