De Serge Tonnar huet et Freideg den Owend een zum Beschte ginn, an dat aus senger Stuff.

De Serge Tonnar ass den Initiateur vum Projet „Live aus der Stuff“. De Programm gëtt vun der Associatioun Maskénada geréiert an all Artiste gëtt bezuelt. Kultur ass virun allem an dëse schwieregen Zäiten immens wichteg. Weivill Zuschauer kritt de Serge Tonnar den Owend a seng Stuff? Iwwer 700 Leit hunn sech opballefall schonn op Facebook fir den Event interesséiert.

Hei de Serge Tonnar mat Legotrip op hirer Bopebistro Tour 2016.

Eng Initiativ vum Serge Tonnar, mam Kënschtlerkollektiv MASKéNADA a mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère. De ganze Programm op der Facebooksäit "Live aus der Stuff".