De Roland Meyer liest aus senge Kannerbicher.

Eng Liesung fir Kanner vu 6 bis 166 Joer, aus dem Buch “Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen”.
De Barry Lee ass Schott an ënnert sengem Bett wunnt ee Schlassgespenst. Mee dat ass näischt Aussergewéinleches. Vill méi aussergewéinlech ass, datt hien als Schott keng Juppe unhuet, dofir awer fir säi Liewe gär schwätzt a Geschichte verzielt. Do kënnt de Pit grad richteg. Hie wunnt an der Stad an hie kritt fir säi Liewe gär Geschichte verzielt. Do hunn der also zwee beienee fonnt, déi gutt beienee passen.

An eng vun dem Barry Lee senge Geschichten, an där Risen a Goldfësch eng Haaptroll spillen, kënnt Dir den Owend am Roland Meyer senger Liesung nolauschteren.

De Live- Event ass op 20:00 Auer verréckelt ginn.

Roland Meyer
De Roland Meyer aus senger Stuff.

Eng Initiativ vum Serge Tonnar, mam Kënschtlerkollektiv MASKéNADA a mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère. De ganze Programm op der Facebooksäit "Live aus der Stuff".