De Georges Goerens séngt aus senger Stuff.

De Georges Goerens, och Sänger vun Seed To Tree, huet virun 3 Joer säi Solo-Projet Bartleby Delicate gegrënnt. De Projet ass eng Weiderféierung vu senge poeteschen Texter, vermëscht mat neie Sounds.

Den Owend um 20:00 Auer spillt hie live aus senger Stuff an är Stuff.

Eng Initiativ vum Serge Tonnar, mam Kënschtlerkollektiv MASKéNADA a mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère. De ganze Programm op der Facebooksäit "Live aus der Stuff".