Den Tom Mersch aka Tommek rappt aus senger Stuff.

Den Tommek huet mat 11 Joer ugefaange mat rappen. Deemools huet hie sech awer méi wuel mam däitsche Rap gefillt, zënter deem hien 16 Joer huet, rappt hien dann nëmmen nach op Lëtzebuergesch.

Dem Tommek seng Texter zeechne sech duerch e gewëssene Wuertwitz aus, deen hie mat alldeeglechen Themen kombinéiert. D'Resultat ass e frëschen a facettëräichen Hip Hop.

Fir de Museker ass de "Live aus der Stuff" och eng ongewéinlech Plaz, ma d'Musek bleift awer déi selwecht.

Um 20:00 Auer war Blockbuster-Zäit.

Eng Initiativ vum Serge Tonnar, mam Kënschtlerkollektiv MASKéNADA a mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère. De ganze Programm op der Facebooksäit "Live aus der Stuff".