Eng lëtzebuergesch-portugisesch Sängerin mat engem neie Projet, e Kuerzfilm vun enger Lëtzebuerger Regisseurin an e Podcast ronderëm d’Thema Sexualitéit.

D'Kulturhaiser sinn zou, dofir muss een awer net op Konscht, Musek, Literatur, Theater asw. verzichten.

D'Kultur-Redaktioun versuergt Iech dofir mat Fudder fir Kapp, Häerz a Gemitt.

Musek: Marly Marques a Riaz Khabirpour

Déi lëtzebuergesch-portugisesch Jazz-Sängerin Marly Marques ass als Quintet mam Jitz Jeitz, Claude Schaus, Laurent Peckels a Paul Fox bekannt ginn an ass schonn op sou munch Plazen hei, mä och am Ausland, opgetrueden. Mam Gittarist Riaz Khabirpour huet si en neie Projet lancéiert.

D’Marly Marques interpretéiert portugisesch, spuenesch a latäinamerikanesch Lidder a léisst sech inspiréiere vun den traditionelle Museksrichtungen, wéi dem Fado, Bossa Nova oder Boléro. Et wier en Häerzensprojet, sou d’Sängerin, deen et erlaabt, d’Lidder aus hirer Kandheet nei ze entdecken a mam Public ze deelen.

Film: Nadia Masri: Aus den Aen (Long Lost)

© Amour Fou

Wien de Luc Schiltz, den Tommy Schlesser an d’Julie Kieffer zesummen an engem Film wëll gesinn, dee soll sech de Kuerzfilm "Aus den Aen (Long Lost)" ukucken.

E puer Deeg viru Chrëschtdag daucht dem Pol säin onbekannten Hallefbrudder Jérôme op, dee grad aus dem Prisong entlooss ginn ass. "Aus den Aen" erzielt, wéi dës zwou ganz ënnerschiddlech Perséinlechkeete sech kenneléieren.

Der jonker Regisseurin Nadia Masri hire Kuerzfilm war fir de bekannte Max-Ophüls-Präis zu Saarbrécken nominéiert an ass vun Amour Fou produzéiert a vum Lëtzebuerger Filmfong ënnerstëtzt ginn. Nieft hiren eegene Projeten, huet d’Nadia Masri och als sougenannte „Skriptgirl“ op grousse Filmproduktioune geschafft, wéi Egon Schiele, Angelo an Deux.

Podcast: Méi wéi Sex

Et feelt net un Initiative fir Lëtzebuerger Podcasts. "Ham, Fritten & Zaldot" ass an engem vun dësem Anti-Virus- Formater scho virgestallt ginn. Elo ass et um Podcast "Méi wéi Sex" vu jonken a kreative Käpp zesumme mat Radio Ara an mam CESAS (Centre national de Référence pour la Promotion de la Santé affective et sexuelle).

Bis elo ginn et zwou Staffele mat Theme ronderëm d’Sexualitéit an de mënschleche Kierper. De Motto vum jonken Team ass Oppenheet, Natierlechkeet, Direktheet an dat mat Humor a Charme. Wie virwëtzeg ass, dierf eralauschteren, d’Episoden sinn um Site vu Radio Ara ze fannen.