E neit Lidd, dat gutt Laun mécht, en Zäitverdreif, dee mer als Kanner scho gär haten an eng Serie, déi eiser aktueller Situatioun gläicht.

D'Kulturhaiser sinn zou, dofir muss een awer net op Konscht, Musek, Literatur, Theater asw. verzichten.

D'Kultur-Redaktioun versuergt Iech dofir mat Fudder fir Kapp, Häerz a Gemitt.

Déi nei Single „Red wine“ vun der Band Alfalfa

De Bert Jung an de Charel Geimer maache schonn zanter 10 Joer zesumme Musek. Ugefaangen huet alles an der Schoul, wou si zesummen an enger Schülerband gespillt hunn. Spéider hu si dunn zesummen an der Formatioun „Los Dueños“ gespillt, wou si och haut nach aktiv sinn. Ma virun 2 Joer hu si decidéiert eng nei Band zu 2 ze grënnen. Esou ass hire Grupp „Alfalfa“ entstanen.

Elo koum hir nei Single mam Numm „Red Wine“ eraus. E Song, dee gutt Laun brénge soll. Donieft mécht en engem immens Loscht ze danzen. A genee dat soll een dann och maachen. Ob doheem an der Stuff, an der Kichen oder am Gaart. En Deel vun der Choreographie dozou fënnt ee souguer op hirer Facebook-Säit a wien de ganzen Danz léiere wëll, ka si uschreiwe fir weider Informatiounen.

D'Band huet och op Facebook en Challenge lancéiert, wou ee sech beim Danz filme soll.

Beim Finissage vun hirer neier Single ware mir dann och fir d’Télés-Emissioun „ArtBox“ mat dobäi.

Alfalfa - Reportage Artbox
Mat Alfalfa am Studio

Nei Serie op Netflix: "Self Made"

Zanter e Freideg leeft op Netflix dann och eng nei Serie. „Self Made: Inspired by the life of Madam C.J. Walker“ erzielt d’Geschichte vun enger Afroamerikanerin, déi virun iwwer honnert Joer mat Produiten, speziell fir d’Hoer vu schwaarze Fraen, Millionärin ginn ass.

D’Miniserie sprécht dobäi och gesellschaftlech relevant Themen un. Ënnert anerem Rassismus a Gläichberechtegung tëscht Mann a Fra. Och wann dacks den Déifgang bei de verschiddenen Theme feelt, lount et sech dës Serie ze kucken. Mat 4 Deeler déi all Kéiers ëm déi 45 Minutten daueren, ass een dann och relativ séier doduerch.

Molbicher fir Erwuessener

© Pixabay

Ee schéinen Zäitverdreif, deen och gutt Laun brénge kann an eventuell d’Kand an eis erëm erwächt, ass molen. Virun e puer Joer war et deen Trend, ma mat der Zäit ass et erëm bësse vergiess ginn. Molbicher fir Erwuessener. Do sinn da keng Feeën oder Autoen dran, ma éischter Abstrakt Muster, wéi Mandalaen, déi een no Gefill a Stëmmung ausmole kann. Um Internet fënnt een e ganze Koup Biller zu deem Thema déi ee selwer ausdrécke kann.

Ma et kann een awer och e ganzt Buch online kafen a sech dann och nach dat néidegt Molmaterial bestellen.

Eisen Tipp: Am beschte beim molen och nach d’Liblingsmusek ganz haart opdréinen.