De Museker Serge Tonnar huet am Kader vum Projet "Live aus der Stuff" eis Nationalhymn e wéineg ugepasst.

Den Text "Ons nei Heemecht" huet de Serge Tonnar scho virun der Kris geschriwwen a soll eng Adaptatioun vum Michel Lentz sengem Originaltext sinn. Sou gëtt an der neier Versioun den Accent méi op Humanismus, Fräiheet, Ekologie an international Solidaritéit geluecht.

Et ass virun allem en Appell, dass no der Kris Lëtzebuerg an déi ganz Welt eng aner ass an dass ee net vergiesse soll, wat fir positiv Aspekter dës Kris op eis Mënschen huet a wäert hunn. Et sollt een net méi a säin aalt Liewen zeréckgoen no der Kris.

Et ass awer och en Appell un d'Politik, dass och hei doriwwer geschwat gëtt, wéi eis Welt no der Kris soll ausgesinn, eng Welt, fir déi sech elo agesat gëtt. Et gëtt eng wäitsiichteg Approche gefuerdert a net just eng kuerz a flüchteg Konzentratioun op den Etat de Cris am Land.