Och Rockstars trëfft et. Och si mussen a Corona-Zäiten dobanne bleiwen, déi genotzt gëtt fir Lidder ze schreiwen. Getrennt vuneneen.

D'lescht Joer eréischt huet déi däitsch Band "Die Ärzte" annoncéiert 2020 en neien Album ze verëffentlechen an no enger Paus vun 8 Joer nees an Däitschland on Tour ze goen. D'Freed bei ville Fans war grouss. An du koum de Coronavirus. Concerten an aner Evenementer goufe bis op Weideres ofgesot oder verréckelt.

Ma d'Band bleift optimistesch a bis dohi bleift den Ärtze jo genuch Zäit un neie Lidder ze schaffen, jidderee fir sech. An dobäi kënnen nawell flott nei Kreatiounen entstoen. An esou hunn de Farin Urlaub, Bela B a Rod Gonzalez zesummen, an awer raimlech getrennt, en neit Lidd geschriwwen, e Lidd zur Lag vun der Natioun.

Et ass "e Lidd fir Elo", fir dobannen, heescht et op offizieller Säi:

"Ein Lied für Stubenhocker. Für Matratzentester. Für Couchpotatoes. Ein Lied für Endlich-Plattensammlung-digitalisieren. Für Mal-wieder-Küche-wischen. Für Alle-Satellitensender-neu-sortieren. Ein Lied für Die Sendung mit der Maus. Für Telelernen. Für Skype-Schulstunden. Ein Lied für Händewaschen. Für anderthalb Meter. Für die Armbeuge. Ein Lied für Krankenschwestern und -brüder. Für den Bereitschaftsdienst. Ein Lied für Johns Hopkins. Für Robert Koch. Für Christian Drosten. Für Max Planck. Ein Lied für Solidarität. Ein Lied für alle. Ein Lied für dich."

A wann een dem Text am Lidd gleewen däerf, jo an et geet och ëm den Toilettëpabeier-Drama, dann dierft dat hei net déi eenzeg Kompositioun sinn, déi an dëser Phas nach entstoe wäert.