D´Annick Sinner spillt Figurentheater.

D´Annick Sinner illustréiert zënter 2002 Kanner- a Jugendbicher, ma niewent den Zeechnungen op Pobeier huet si awer och eng Passioun fir de Figurentheater. Esou kann si hir Geschichten a Märecherswelten och op klenge Bünen erzielen.

Haut den Owend um 20:00 Auer steet Figurentheater um Programm mat der "Prinzessin op der Ierz".
D´Figuren aus dem bekannte Märchen vun de Gebridder Grimm sinn aus Holzlaten vun enger aler Wäikëscht gebaut. D´Erzielung eegent sech also och fir ganz kleng Kanner oder fir Erwuessener di Kand bliwwe sinn.
De Spektakel aus der Stuff dauert 20 Minutten.

Eng Initiativ vum Serge Tonnar, mam Kënschtlerkollektiv MASKéNADA a mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère. De ganze Programm op der Facebooksäit "Live aus der Stuff".