RTL huet e puer Initiative geholl, fir d’Lëtzebuerger Musekszeen an dëser schwéierer Zäit zousätzlech z'ënnerstëtzen.

Um Radio leeft vun elo un all Dag vun 20 bis 21 Auer eng Stonn laang nëmme Musek vu Lëtzebuerger Bands a Museker.

Op der Tëlee hu mir d‘«Musekbox», Videoclippe vu Lëtzebuerger Bands a Museker, neier an aler, méindes bis samschdes vu 17 Auer bis 17.30 Auer op RTL Zwee (Rediffusioun no Mëtternuecht).