En Online Festival mat Lëtzebuerger DJ’en, virtuell Visitten duerch aktuell Expoen am MNHA an de Podcast “Hei elei lauschter elo”.

D'Kulturhaiser sinn zou, dofir muss een awer net op Konscht, Musek, Literatur, Theater asw. verzichten.

D'Kultur-Redaktioun versuergt Iech dofir mat Fudder fir Kapp, Häerz a Gemitt.

02/04/2020 Kultur Doheem (14) Liz Heintz

Luxembourg Online Music Festival

Nom grousse Succès vun hire leschten zwee Eventer, huet d’Ekipp vu „Project LuX“ decidéiert e weidert Online-Event ze starten. No Party from the Couch an Apero Window, kënnt dëse Weekend de Luxembourg Online Music Festival.

© Project LuX

14 Lokal DJen leeën op zwee Deeg vun doheem aus op. Hire Set gëtt live op Facebook op der Säit vum Event iwwerdroen. All DJ soll eng Stonn spillen an dat ganzt leeft no engem strikten Horaire of.

Virtuell Visitten am MNHA

Séier mol en Tour duerch d’Kunsthaus zu Zürich, duerch de Museum of Modern Art zu New York oder och duerch de Musée d’Orsay zu Paräis. Dat alles an engem Dag an och nach a manner wéi enger Stonn. Duerch de Coronavirus mussen och d’Diere vun de Muséeën zou bleiwen, déi meescht bidden awer virtuell Visitten un. Och zu Lëtzebuerg.

Op der Internetsäit vum Nationalmusée fir Geschicht a Konscht, zum Beispill, kann een dat ganzt Gebai virtuell besichen. Och aktuell Ausstellunge sin an der 3D-Féierung oppen zougänglech. Dorënner d’Ausstellunge #wielewatmirsinn a De Mena, Murillo, Zurbarán. Zanter knapps zwou Woche leeft dann och eng nei Ausstellung.

© Carla van de Puttelaar

Brushed by Light weist Wierker vun der Fotografin Carla van de Puttelaar. Déi hollännesch Kënschtlerin schafft haaptsächlech mam natierlechen Dagesliicht. An hire Wierker stinn de weibleche Kierper a Portraiten am Zentrum. De Fokus läit dobäi besonnesch op der Haut, op Detailer wéi Schéinheetsflecken oder Héngerhaut. Inspiratiounsquell fir d’Kënschtlerin si grouss Nimm, wéi de Cranach oder de Rembrandt.

Podcast “Hei elei lauschter lo”

Zanter Oktober Zejoert sëtzen de Ben Olinger an den David Winter sech plus minus all 2 Woche beieneen, fir hire Podcast Hei Elei Lauschter lo opzehuelen.

D’Iddi koum vum Ben eleng an, an der Testsendung war den David just als Gaascht dobäi.

Podcast "Hei Elei lauschter elo" David Winter (1)

Déi zwee funktionéiere gutt mateneen, ma huele sech fir all Sendung e weideren Invité dobäi, fir e bëssen Dynamik an dat Ganzt ze bréngen.

Podcast "Hei Elei lauschter elo" David Winter (2)

Dat Ganzt entsteet relativ spontan. Si schwätzen iwwer d’Aktualitéit, ma hunn och dacks Themen am Programm, op déi si ebe grad Loscht hunn. Si wëllen, dass hir Nolauschterer sech amuséieren an eng Auszäit vum Alldag kréien. Virun allem an der momentaner Zäit, kann dat jo heiansdo ganz erhuelsam sinn.