Improviséiert Danz a Musek Performance aus der Stuff.

D´Yuko Kominami ass 1973 a Japan gebuer. Zu Tokyo huet si den Danz Stil Butoh studéiert. Butoh ass en Danztheater, deen nom 2. Weltkrich a Japan entstanen ass. Vun 1998 - 2000 huet si zu London weider Studie gemaach an haut lieft si hei zu Lëtzebuerg, wou si och weiderhin als fräischaffend Dänzerin schafft.

E Freidegowend huet si live aus hirer Stuff mat musikalescher Ënnerstëtzung performt.

Eng Initiativ vum Serge Tonnar, mam Kënschtlerkollektiv MASKéNADA a mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère. De ganze Programm op der Facebooksäit "Live aus der Stuff".