Och d’Konschthaiser bleiwe bis op Weideres zou. De Mudam huet dofir e puer flott Aktivitéiten am Programm, déi och vun doheem aus Spaass maachen.

Nieft der Mudam Go!-Aktioun „Mol mir e Bam“ gëtt et e weidere Workshop, dee vum Jean-Marie Biwer am Kader vu senger aktueller Ausstellung am Mudam „D'après nature“ gestart gouf.

Beim Workshop „Wéi mécht een „Tempera“?“ kritt een an engem kuerze Video gewise wéi d’Technik vum Tempera funktionéiert. Dat Ganzt kann een da selwer probéieren mat alle méigleche Pigmenter, déi een doheem sou fënnt. Cacao, Kurkuma, Paprika a sou weider.
 Dobäi soll een der Fantasie fräie Laf loossen.

Eng weider flott Aktivitéit am Kader vun der selwechter Ausstellung ass de Kuerzfilm „Ech langweile mech!“. Et geet ëm eng kleng Wollek, déi d'Zäit net ëm kritt, bis de Jean-Marie Biwer op eemol mat hir schwätzt a Spiller wéi „Verstoppches“ oder „Ech gesinn eppes wat s du net gesäis“ mat hir spillt. De Video ass fir Kanner tëscht 3 a 5 Joer geduecht. Si kënne flott matroden a ginn dobäi mat an d’Welt vu gemoolte Landschafte geholl.

Och d’Mudam Akademie gouf wéinst dem COVID-19 ofgesot. Fir de Public awer weiderhi vun der moderner Konscht ze begeeschteren, hunn si e Blog kreéiert, dee si no a no mat weidere Kapitele fëllen. Dat Ganzt baséiert um Buch vum Claude Moyen „Eng Geschicht vun der Konscht vun haut“.

© Claude Moyen

Et kritt een eng Introduktioun an déi grouss Konscht-Begrëffer aus der Moderne: Impressionismus, Dadaismus, Konzeptkonscht, Performance a villes méi.
 Eng interessant a spannend Lektür fir doheem.

Och mat der App „Actionbound“ kann een de Mudam a seng Wierker nach eng Kéier ganz nei erliewen. Dofir muss ee just d’Applikatioun eroflueden, de QR-Code um Bild scannen a scho kann et lass goen.

© Mudam