D´Schauspillerin an Schrëftstellerin liest aus hirem Monolog.

D´Schauspillerin Larisa Faber ass am Film an Theater doheem. Fir d´läscht war si an der zweeter Staffel Bad Banks ze gesinn an och am Theater steet si reegelméisseg op der Bün. 2018 hat si mat Disko Dementia hiert éischt Theaterstéck geschriwwen an realiséiert. Haut den Owend um 20:00 Auer liest si aus hirem Monolog "stark bollok naked". Hei geet et ëm d´Fra an hir biologesch Auer. Gesellschaftlech Erwaardungen an iwwerraschend Erfarungen ginn thematiséiert. Et ass eng tragikomesch Geschicht iwwert de Kierper a seng tickent Auer.

Eng Initiativ vum Serge Tonnar, mam Kënschtlerkollektiv MASKéNADA a mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère. De ganze Programm op der Facebooksäit "Live aus der Stuff".