D’Nationalbibliothéik huet wëlles eng Kollektioun op d’Been ze stellen vun allen Informatiounen, déi iwwert d’Verbreedung vum Covid19 zu Lëtzebuerg verëffe

D'Nationalbibliothéik ass natierlech och zou, et kann een awer online vun der Offer profitéieren. Et kann ee sech online aschreiwen fir eng Lecteurs-Kaart an dann huet een Zougrëff op den digitale Contenu. Dat sinn Dausende vun Zeitungen an Zäitschrëften, et kann ee gratis e-books léinen, op wëssenschaftlech Datebanken zougräifen oder och d'Zäitschrëft "Heemecht" iwwer d'Lëtzebuerger Geschicht ass integral an der Luxemburgensia ze fannen an all Dag gëtt et eng Recommendatioun aus den digitale Ressourcen, déi och beim e-schooling kann hëllefen.

Ben Els - Digital Curator bei der BNL

03/04/2020 BNL sicht Informatiounen iwwer Corona-Virus

Och fir den digitale Contenu gëtt et en dépot légal, de Lëtzebuerger Web ass och e Stéck Informatioun a Patrimoine. Dat sinn all Säiten déi am Domain .lu publizéiert ginn, alles wat iwwer Lëtzebuerg publizéiert gëtt, alles wat zu Lëtzebuerg verëffentlecht gëtt an aneren Domainer, wat vu Lëtzebuerger verëffentlecht gëtt an och Säiten iwwer Lëtzebuerg.

Den Ament sicht d'BNL dann och all digitale Contenu, deen am Internet publizéiert gëtt iwwer d'Zäit vun der Corona-Kris. Si wëllen domadder all Facettë vun der Gesellschaft festhalen, wéi se an der aktueller Situatioun ausgesäit.

Nieft den Internet-Säiten vun de Medien, intresséiert d'BNL och Sitten, wou Hëllef, Informatiounen, Solidaritéitsaktiounen, Interessegruppen, ëffentlech Institutiounen an och privat Initiativen duergestallt sinn.

Aus de Medien si bis elo iwwer 7000 Norichten-Artikelen archivéiert ginn. Zum Vergläich: bei de Gemengen- a Chamberwalen sinn tëscht 2017 an 2018 eppes iwwer 10 000 Artikelen gesammelt ginn.

Detailler wéi een d'Informatioune ka weiderginn, fënnt een um Site vun der BNL.

Informatioune kann ee schécken un:

webharvesting@bnl.etat.lu

Nieft de Web-Sitten ginn awer och all aner Publicatiounen gesammelt digital oder op Pabeier. Déi kann een als pdf adresséieren un:

depot-legal@bnl.etat.lu