Eng nei Single vu Francis of Delirium, e speziellt Lauschterbuch a Konscht fir Doheem vun de Rotonden.

D'Kulturhaiser sinn zou, dofir muss een awer net op Konscht, Musek, Literatur, Theater asw. verzichten.

D'Kultur-Redaktioun versuergt Iech dofir mat Fudder fir Kapp, Häerz a Gemitt.

09/04/2020 Kultur fir Doheem (19) Liz Heintz

MUSEK: Circles vu Francis of Delirium

Am Alter vun 12 Joer huet d’Jana Bahrich ugefaangen, sech selwer Gittar bäizebréngen. Kuerz drop huet si dunn och schonn déi éischt Lidder selwer geschriwwen. Spéider huet si zesumme mam amerikanesche Batteur Chris Hewett a mam Lëtzebuerger Bassist Jeff Hennico de Projet „Francis of Delirium“ gegrënnt.

RTL

© Francis of Delirium

Hir Musek ass eng Mëschung aus Grunge an Joni Mitchell, wéi si selwer soen. 
Am Januar koum hir éischt Single "Quit Fucking Around".

Enn Mäerz ass et Zäit fir déi nei an aktuell Single „Circles“.

D’Lidd erzielt vun der éischte Kéier verléift ze sinn a wéi dat dann eriwwer geet. Et weess een net, ob dat trauregt Gefill jee verschwënnt. Et geet drëms, wéi ee verzweiwelt versicht, erëm aus deem Krees erauszekommen.

De Feierstorch: eng Geschicht vu Podcasten erzielt

De Public op positiv Gedanke bréngen an e bësse vum Alldag oflenken. Dat ass d’Iddi vum Lauschterbuch „De Feierstorch“. De Ben Olinger an den David Winter vum Podcast „Hei elei, lauschter lo“ hunn dat Ganzt initiéiert.

RTL

© Hei elei, lauschter lo Podcast

D’Reegele sinn einfach: Si hunn dat éischt Kapitel opgeholl an e weidere Podcast nominéiert fir dat 2. Kapitel a sou soll dat dann och ëmmer weidergoen.
 Wann een als Podcast nominéiert gouf, huet ee 4 Deeg Zäit, fir dat nächst Kapitel ze maachen. Also schreiwen, ophuelen, verschaffen a publizéieren.

RTL

© paus. Podcast

D’Geschicht fänkt viru Millioune vu Joren un, wou de Feierstorch nom Schock vum Chicxulub-Asteroid op der Äerd säin éischten Optrëtt hat. 66 Millioune Joer méi spéit, also am Joer 2020, geet d’Geschicht weider. Dat mat Charaktere wéi dem Raym, senger Matbewunnerin, dem Janine, der Melusina, dem Luc a natierlech dem Feierstorch.
 Et ass eng ganz komplex Geschicht, déi ee schwéier resuméiere kann, deemno muss een dat Ganzt och vum 1. Kapitel u lauschteren, fir alles ze verstoen. Ma eent ass sécher: Et kritt ee vill ze laachen.

RTL

© Happy Hippo Podcast

Dat lescht Kapitel koum vum Podcast „Erklär&Laach“. Si hunn du „Keck“ nominéiert. D’Lynn Warken gehéiert zum Trio an huet sech immens gefreet, dass si nominéiert goufen.

An och hiren Episod, hätt dann e ganz besonnesch „kecken“ Touch.

Wat dann alles wäert geschéien a wie si nominéieren, kann ee sech dann op hirer Säit ulauschteren.

Rotondes' Home Delivery

Wéi vill aner Konschthaiser bidden och d’Rotonden e Programm fir Doheem un. No a no setze si ëmmer rëm nei Iddien an Aktivitéiten op hirem Internetsite dobäi. 
Virun allem ass et hinne wichteg, dass d’Kanner vill Beschäftegung kréien an d’Konscht dobäi net ze kuerz kënnt.
 Ënnert anerem hu si dowéinst op hirem Internetsite Maquettë fir auszedrécken. D’Kanner kënnen déi dann herno ausschneiden an ausmolen.

Donieft fënnt een op hirem Youtube-Channel d’Kannergeschicht „De Jacques an d’Bouneplanz“ aus der Betsy Dentzer hirem Programm „E Kuerf voller Geschichten“, deen an de Rotonden erzielt gouf.