De Museker performed live aus senger Stuff.

Den Adriano Lopes Da Silva huet 2019 de Projet CHAiLD offiziell lancéiert. De Singer a Songwriter ass vu Lëtzebuerg, ma lieft awer den Ament zu Liverpool. Seng Musek bréngt eng ganz eegen a kreativ Patt mat sech. Se ass melancholesch, atmosphäresch an zäitgenëssesch. D´läscht Joer huet den CHAiLD am Virprogramm vum Dean Lewis a Mahmood performed.

Um 20:00 Auer fänkt seng Performance aus der Stuff un.

Eng Initiativ vum Serge Tonnar, mam Kënschtlerkollektiv MASKéNADA a mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère. De ganze Programm op der Facebooksäit "Live aus der Stuff".