Dëst Joer gouf et kee Péckvillerchersgepäifs an der Alstad op Ouschterméindeg.

D'Evenement gouf annuléiert. Dofir huet de Comité Alstad eng ganz speziell Aktivitéit an d'Liewe geruff: Digital Eemaischen nennt sech déi.

Virtuell Eemaischen / Reportage Nadine Gautier

Eréischt zwee Mol huet d'Eemaischen bis elo missen annuléiert ginn, esou de Guy Jourdain. Emol 1870 wärend dem däitsch-franséische Krich an 1918, wéi d'Haaptstad bombardéiert gouf. An elo ass et déi drëtte Kéier.

Ma fir net komplett op d'Traditioun ze verzichten, gouf am Kader vu "Kultur doheem" eng virtuell Eemaischen op d'Bee gestallt. Dofir kënnen Interesséierter bei der digitaler Eemaische matmaachen, an de Flair vun dësem traditionellen Evenement an hir Stuff heem huelen.

De Guy Jourdain vum Comité Alstad: "Hei ass zum Beispill eng Foto, et ass een Ausnamebild, wou d'Eemaische wärend dem zweete Weltkrich vun den Occupanten op de Knuedler verluecht gouf als Kiermes. Do war se net um Fëschmaart 4 Joer laang. Do gesäit ee wéi d‘Eemaischen aneschters war."

De Guy Jourdain vum Comité Alstad

Dat ass awer just eent vu sëllegen Dokumenter aus der Geschicht. Déi ganz Sammlung, déi vun der Unesco Kommissioun verschafft gëtt, ass um Site vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg verëffentlecht.

Eng weider Première nieft der digitaler Eemaischen war den Online-Shop, wou Sammler hiert Gléck fonnt hunn. Dëst Joer souguer mam 1. Péckvillchen aus dem 3D-Printer, dem Jhang.

De Claude Esch, Sekretär vum Comité Alstad:

Den Numm kënnt doduerch, dass ee vun eise fréiere Comitésmemberen, de Jean Heldenstein, dee leider an der Tëscht verstuerwen ass, dee sot eng Kéier, mir mussen en neie Wee goen op der Eemaischen an hie koum och op d’Iddi fir en 3D-Péckvillchen ze maachen. Dëst ass den éischte Prototyp vum Jhang, Joergang 2018 entworf vun enger Klass aus dem Lycee Technique des Arts et Métiers. De Jhang 2020 gouf just 50x gedréckt, vum ierdene Péckvillche ginn et 150 Stéck. D’Nofro war esou grouss, dass der méi verkaf goufen, wéi der do sinn.

Och wann de Fëschmaart um Méindeg verlooss war, esou war déi digital Eemaischen, ëmmerhi schonn déi 193. Editioun, dach den Ëmstänn entspriechend, e Succès.

Schonn eng Partie Fotoen a Videoe goufen erageschéckt

Et sollt een d'Stëmmung vun der Eemaischen iwwert Fotoen a Videoen kënne materliewen. Ronn 40 bis 50 Fotoe koume bis en Donneschdeg schonn eran an 8 bis 10 Videoen.

Guy Jourdain vum Comité Alstad: "Mir fänken u mat engem Bild vum Pierre Blanc: Eemaischen. Dat ass Enn vum 19. Joerhonnert. Mir sinn am 19. Joerhonnert. Dat ass e Bréif vum Commissaire de police vun 1827, wou d'Eemaischen no der franséischer Revolutioun erëm ugefaangen huet opzeliewen. 1902 si mir dann. Dat geet esou weider... Iwwert déi ganz Virkrichszäit. Fotoe vum Batty Fischer, do huet d'Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg immens gutt matgeschafft."

D'Kollektioun kéint weider wuessen: den Opruff un déi, déi Material iwwert d'Eemaischen hunn, ass et, datt een och nach op Ouschterméindeg seng Fotoen a Videoen kann eraschécken.
Op de Biller a Videoe geet et net nëmmen drëms ze weisen, wéi Péckvillercher gemaach ginn, mä d'Material weist, wat alles mat deem Dag zesummenhänkt, zum Beispill och de Volleksdanz um Fëschmaart oder wien alles nees d'Eemaischen besicht huet.
A fir déi, déi eng kleng Erënnerung un d'Eemaischen 2020 wëllen hunn, kënnen iwwert de Comité Alstad verschidden Objeten bestellen.

Guy Jourdain: "Wat ee ka bestelle vum Comité Alstad selwer, dat sinn 3 Objeten. Een traditionelle Péckvillchen, een 3D-Péckvillchen a limitéierter Zuel (sinn der just 50 do), an ee Platto mat traditionelle Biller vu Folklore-Zeenen."

Déi digital Eemaischen, déi vun der Unesco Kommissioun verschafft gëtt, gëtt um Site www.iki.lu verëffentlecht, also vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg.

Melle kann ee sech via Mail op guyjourdain12@gmail.com