Eng musikalesch Rees duerch Südamerika.

De Sänger, Komponist a Multi-Instrumentalist Alberto Caicedo ass zu Guapi a Kolumbien gebuer. Zu Rotterdam huet hien spéiderhin Musek studéiert. Zenter senger Kandheet spillt hien awer scho professionell Musek an huet bis elo mat ville verschiddene Bands an Artisten zesumme performed. 2011 ass den Alberto Caicedo op Lëtzebuerg geplënnert.

Dem Artiste ass et wichteg grad an esou enger Zäit wéi elo ëmmer weider ze maachen an trotzdeem d´Konscht weider ze verbreeden.

E Freideg den Owend huet den Alberto Caicedo Lidder op spuenesch a portugisesch gesongen.

Eng Initiativ vum Serge Tonnar, mam Kënschtlerkollektiv MASKéNADA a mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère. De ganze Programm op der Facebooksäit "Live aus der Stuff".