Bei eisen däitschen Nopere rabbelt et an der Këscht: iwwerdeems Kultbands wéi Brings vir op der Bün rocken, sangen a jäize Fans an den Autoe mat.

Nodeems a villen europäesche Länner dausende vu Concerten a Festivallen hu missen ofgesot ginn, gesäit et schlecht fir d'Musekszeen aus: kee Rock am Ring, Rock Werchter oder Wacken. An awer gëtt et den Ament e klenge Fonken Hoffnung, dass Museksfrënn dëse Summer op d'mannst e klengen Hauch vu Festivalfeeling kënnen erliewen: d'Léisung kéinten Autokino-Concerte sinn.

Zu Düsseldorf um Areal virun der Merkur-Arena leeft d'Organisatioun op Héichtouren. Pro Concert kënne bis zu 500 PKW-Tickete verkaf ginn, wat ronn 1000-2000 Persounen an de Gefierer entsprécht. E groussen Erfolleg, wéi d'Verkafszuele weisen: bannent e puer Stonne waren déi éischt Concerten ausverkaaft. Wie vu Prominenz an dësem spezielle Kader optrëtt? Den 23. a 24. Abrëll wäert Alligatoah d'Leit zum Schweesse bréngen, de 25. a 26. Abrëll den däitsche Rapper Sido an den 28. an 29. Abrëll bréngt d'Kölner Band Brings d'Autoen zum Wackelen. Och Filmfrënn kommen zu Düsseldorf net ze kuerz: sou gouf zum Beispill den 8. Abrëll de Film „Lindenberg! Mach dein Ding" diffuséiert an de komplette Site als Autokino ëmfunktionéiert.

Eng Iddi, déi séier Gefale bei enger Partie Organisateure fonnt huet. Zu Stuttgart gëtt den Ament nämlech versicht, e ganzt Festival op kontaktfräi Manéier op d'Been ze stellen. Am Virdergrond steet och hei d'Anhale vun de Sécherheets- an Hygiènesmesuren. Ob d'Manifestatioun wéi erhofft stattfannen dierf, läit elo an den Hänn vun der Stad Stuttgart. Um Terrain vun de Cannstatter Wasen kéint vu Mëtt Mee bis Enn August fir Entertainment gesuergt ginn: vu Musek, Film, Theater, Gottesdéngschter bis Virträg ass aus organisatorescher Siicht alles méiglech.

Dass d'Kombinatioun vun Opféierungen am Fräien an déi gemittlech Atmosphär am Auto wéi d'Fauscht op d'A passen, beweist och den Drive-in-Theater zu Oberhausen. Zwou Persounen aus dem selwechte Stot kënne sech hei live am Auto Optrëtter ukucken. Applaudéiert gëtt hei net mat den Hänn, mä mat de Scheinwerfer vum Gefier. Eng Alternativ zu klassesche Festivaller a Concerten, iwwert déi sech Grouss a Kleng an Zäite vu Social Distancing mat Sécherheet freeën.

Autokino vu Brings am Replay (17. Abrëll 2020, Köln)