Zwee Joer no senger Kriibsdiagnos ass den 53 Joer alen indesche Schauspiller Irrfan Khan gestuerwen.

International bekannt ginn ass den Irrfan Khan ënner anerem duerch Filmer wéi "Slumdog Millionaire" a "Life of Pi", ma och duerch seng sëllege Bollywood-Filmer. Den indesche Regierungschef Narendra Modi an e ganze Koup Schauspill-Kolleegen hu vum Verloscht vun engem ganz groussen Talent geschwat. Säin Doud géif e grousst Lach hannerloossen.

Virun 2 Joer gouf beim Irrfan Khan en Tumor am Daarm festgestallt, Uganks der Woch gouf hie mat enger Daarminfektioun an e Spidol zu Mumbai ageliwwert. Hien hätt bis zum Schluss gekämpft a säin Ëmfeld inspiréiert, sou säi Porte-parole. Den 19. Mäerz ass hie gestuerwen, d'Begriefnes zu Mumbai war wéinst der Corona-Pandemie am enkste Familljekrees. Hien hannerléisst 2 Kanner.

Den Irrfan Khan hat scho fréi säi Schauspill-Talent entdeckt an un der renomméierter National School of Drama studéiert. Duerno huet hien bal an 100 Filmer matgespillt, am Ufank a Bollywood-Filmer. Sëllege Bollywood-Produzenten hunn him do awer ze verstoe ginn, dass säin Ausgesinn ze ongewéinlech fir eng Haaptroll wier. Deemools wollt de Khan schonn ophalen, du koum d'Roll am "The Warrior" vum brittesche Realisateur Asif Kapadia. No vill Luef koume Rollen a bekannten  Hollywood-Filmer.

No senger Kriibsdiagnos huet hie sech a Groussbritannien behandele gelooss. Säi leschte Film "Angrezi Medium" iwwert en elengerzéiende Papp hat kuerz viru sengem Doud nach Première gefeiert.

Am Mäerz huet de Khan an engem Interview mam "Mumbai Mirror" säi Liewe mam Kriibs wéi eng Achterbunn beschriwwen. Eng un déi ee sech erënnert. De Rescht vu sengem Liewe wéilt hien nach genéissen. "Glécklech Momenter si méi wichteg ginn, wéi déi ënnerlech Onsécherheet. Mir hu gekrasch a vill gelaacht."