Den 8. Mee huet d'Philharmonie hir Dieren nees opgemaach, wann och nëmme virtuell.

An den nächste Woche gëtt freidegowes um 20 Auer ëmmer e klenge Concert offréiert, deen op Facebook an op rtl.lu gestreamt gëtt.

Fir den éischte Concert vun dëser Serie „Phil Live doheem“ war et de Bartleby Delicate, deen d'Musek nees zréck an di stëll Säll vun der Philharmonie bréngt.

„Phil live doheem“ versprécht freidesowes eng Mëschung aus verschiddene Genren an héchster Qualitéit, mat Kënschtler aus Lëtzebuerg an och OPL-Museker.

Di nächst "Phil Live doheem"- Concerter:

· Jean Müller

· Trio mam Ryoko Yano, Anik Schwall & Zala Kravos

· Kreisler Quartett mam Haoxing Liang, Silja Geirhardsdottir, Jean-Marc Apap & Niall Brown

· Greg Lamy & Lionel Loueke

· Alena Baeva & Vadym Kholodenko

· Reis Demuth Wiltgen