Nodeems de Schauspiller ëmmer nees betount huet, dass hien net zefridde mat der Entwécklung vu senger Roll wier, ass et elo offiziell...

De Mark Hamill wäert an Zukunft net méi d'Roll vum Luke Skywalker verkierperen. An engem Gespréich mat der US-amerikanescher Zäitschrëft "Entertainment Weekly" huet hien e puer Mol onmëssverständlech gesot, dass d'Zäit komm wier, fir ze goen. Hien wëll an Zukunft keen Deel méi vun der Star-Wars-Saga sinn.

"Ech hat en Ufank, e Mëtteldeel an en Enn (...) Ech sinn dankbar (...), awer ech wëll net ze giereg sinn. Et sinn nach esou vill Geschichten an esou vill groussaarteg Schauspiller, déi erzielt kënne ginn. Si brauche mech net méi", sou den Hamill.

Scho virun dësem Interview hat hien op Instagram ugekënnegt, dass déi 9. Episod seng lescht wier. Mam Hashtag #ByeByeSkywalker.