Wéi soll et am Kultursecteur virugoen a wéi soll den Après-Crise ausgesinn?

Doriwwer hunn en Donneschdeg de Moien d'Deputéiert vun der Kulturkommissioun um Krautmaart diskutéiert. Virop goung et do ëm eng Motioun, déi vun der Octavie Modert deposéiert gouf, vun der awer näischt ugeholl gouf, wéi d'CSV-Deputéiert präziséiert.

Extrait Octavie Modert

„Ech hätt mer erwaart, dass hei och nei Instrumenter oder Initiative virgestallt gi mat deenen de Kënschtler zousätzlech weidergehollef kéint ginn, well de Secteur ass einfach méi fréi, méi haart an méi laang betraff, wéi verschidden aner Secteuren. Alles dat, wat ech virgeschloen hunn, och zum Beispill eng Zort Krisefong oder Urgencëfong ze maachen, wou ee kéint d'Leit opruffen, fir ze spenden, wa se wéilten. Ooder och d'Fondation du Luxembourg mat froen an Anerer, ass och net ugeholl ginn. Focuna hätt dat jo kënne maachen oder geréieren. Sou ass et awer och iwwerraschend ze gesinn, dass de Ministère do de Secteur zimmlech eleng léisst.“

Et wär awer vill a konstruktiv diskutéiert ginn, fënnt dogéint den DP-Deputéierten André Bauler.

Extrait André Bauler

„Och muss gekuckt ginn, a wéi fern Billjeeën, déi d'Leit kaaft hunn, fir u Manifestatiounen Deel ze huelen, wéi déi kënnen als Done steierlech ofgesat ginn. Ebe fir de Veräiner awer gewësse Gelder ze loossen. Je et geet drëm ze kucken, wéi ee Muséeën, Bibliothéiken, Expoen nees ka lues a lues opmaachen an och kleng Evenementer vläicht am Fräien, do wou et méiglech ass. Mee dat dierft den Ament nach ganz schwéier méiglech sinn, ka virgesinn.“

Donieft géingen elo all Mëttwoch Subsidekommissioun vum Ministère zesummekommen, fir ze kucken, wéi een och finanziell Akzenter kéint setzen, fir déi kulturschaffend Leit nach weider z'ënnerstëtzen.