An den nächste Woche gëtt freidegowes um 20 Auer ëmmer e klenge Concert vun der Philharmonie offréiert, deen op Facebook an op RTL.lu gestreamt gëtt.

Fir den zweete Concert vun dëser Serie „Phil Live doheem“ hat de Jean Müller ee Chopin-Programm gespillt.

„Phil live doheem“ huet e Freideg den Owend eng Mëschung aus verschiddene Genren an héchster Qualitéit offréiert, mat Kënschtler aus Lëtzebuerg an och OPL-Museker.

Déi nächst "Phil Live doheem"- Concerter:

· Trio mam Ryoko Yano, Anik Schwall & Zala Kravos

· Kreisler Quartett mam Haoxing Liang, Silja Geirhardsdottir, Jean-Marc Apap & Niall Brown

· Greg Lamy & Lionel Loueke

· Alena Baeva & Vadym Kholodenko

· Reis Demuth Wiltgen

Hei de Stream vum leschte Freideg mam Bartleby Delicate