D'Motivatioun, fir d'Ausstellungsstécker am digitalen ze presentéieren, ass grouss. Dofir gëtt et och wärend de "Museum Days" e spezielle Programm.

D'„Luxembourg Museum Days“ hunn déi lescht Jore séier u Popularitéit gewonnen, mat bal 20.000 Visiteuren an engem Weekend. Dëst Joer dierft d'Zuel awer vun de Visiteuren drastesch falen, och wann déi meescht Muséeë schonn e Méindeg nees hier Dieren opgemaach hunn. Dofir konzentréiert ee sech dëst Joer éischter op déi digital Offer.

„HOP HOP an de Musée“ - awer net ouni Mask an ouni sech virdrun d'Hänn ze desinfizéieren. D'Muséeserfarung uechter d'Land ass eng ganz speziell dëser Deeg. Et gëllt iwwerall e Sens Unique fir och nëmmen Distanzen anzehalen. Op verschiddene Plazen, ewéi am Mudam, wierkt d'Cafeteria éischter ewéi eng kënschtleresch Interpretatioun vum Stillleben, wéi eng Plaz, fir ze sozialiséieren.

D'Ioanna Madenoglu, Médiateur am MUDAM: „Hei am Musée ass et normalerweis esou, datt mir de Musée kënne besichen, wéi mir dat wëllen. De Musée ass opgebaut fir de Visiteur. Leit déi méi dacks kommen, ginn erop oder bleiwen hei ënnen an decidéieren hiren eegene Parcours. Momentan ass dat elo awer net méi méiglech.“

Ëmmer just 50 Leit dierfen sech den Ament am Mudam ophalen. Zanter e Méindeg goufen 150 Visiteure gezielt. D'Motivatioun, fir d'Ausstellungsstécker am digitalen ze presentéieren, ass grouss.

Dofir gëtt et och wärend de "Museum Days" e spezielle Programm: „Mir hunn elo den Owend um 8 Auer e Livestream vun engem Film iwwert d'Ausstellung vum Robert Morris. Mir hunn och en néie "Mudam Go" mam Fokus op Stillleben, also d'Nature morte.“

Dësen ass och nees am Bezuch zum Lëtzebuerger Kënschtler Jean-Marie Biwer, deem seng Ausstellung bis den 30. August am Mudam verlängert gouf.

Bei der leschter Initiative vum Mudam Go goufen et iwwregens iwwer 300 Beiträg: „An wann ee wëll eng Visitt mam Jean-Marie Biwer maachen, wat jo den Ament net méiglech ass, kann een déi elo an engem flotte Video maachen. Dat op 3 verschiddene Sproochen.“

...Eng Digitalisatioun laanscht déi een och nëmme schwiereg an dësen Zäite kënnt. D'Restriktiounen an zoue Grenzen uechter Europa hunn och zu Lëtzebuerg fir Chaos beim eran, wéi och erauskréie vun Expositioune gesuergt.

De ganzen digitale Programm fënnt een da wéi gewinnt um Internetsite vum Mudam.